Den 8. an 9. Juni organiséiert d'Lëtzebuerger Taekwondo Federatioun déi siwent Editioun vun de LuxOpen2024 G1.

Dëst Joer hu sech Sportler aus 61 Länner ugemellt, wat der esouguer dräi méi sinn, wéi nach dat lescht Joer. Den Turnéier d'lescht Joer war mat iwwer 1.000 Kämpfer e grousst Evenement am Kalenner vum internationalen Taekwondo, woufir een och de Label "WT-G1" huet.

E Samschdeg an e Sonndeg geet et all Kéiers um 9 Auer moies an der Coque mat de Competitioune lass.

Weider Detailer fënnt een um Site vu Luxembourg Taekwondo an e Livestream vum Event op hirer Facebook-Säit.