Alcaraz géint Zverev bei den Hären a Paolini géint Swiatek bei den Dammen

© Photo by Bertrand GUAY / AFP
E Samschdeg gëtt um 15 Auer d'Finall bei den Damme gespillt, e Sonndeg dann ass d'Finall bei den Hären.
An der éischter Halleffinall vun den Häre gouf et eng 3:2-Victoire (2:6, 6:3, 3:6, 6:4, 6:3) fir de Spuenier Carlos Alcaraz géint den Italiener Jannik Sinner. An der zweeter Halleffinall huet den Däitschen Alexander Zverev zwar den éischte Saz däitlech verluer, konnt sech dono awer mat 3:1 (2:6, 6:2, 6:4, 6:2) géint dem Norweeger Casper Ruud behaapten.
Schonn en Donneschdeg goufen d'Halleffinalle bei den Damme gespillt. Hei konnt sech d'Italienerin Jasmine Paolini kloer mat 6:3 a 6:1 géint Mirra Alexandrowna Andrejewa aus Russland duerchsetzen. Si trëfft domadder op Polin Iga Swiatek, déi sech mat 6:2 a 6:4 géint d'Amerikanerin Coco Gauff behaapt huet.