Bob Bertemes steet an der Finall vum Bommstoussen

© Photo by Anne-Christine POUJOULAT / AFP
Mat 20,23 Meter huet de Lëtzebuerger sech fir d'Finall bei der Liichtathletik-EM qualifizéiert.
Mat senger Leeschtung gouf hien de Véierten a senger Grupp, am ganzen hu sech 5 Leit aus der Grupp A qualifizéiert. Beschte vun hinne war de Leonardo Fabri aus Italien, deen op 21,1 Meter koum. Dohanner koumen de Marcus Thomsen aus Norwegen an de Kroat Filip Mihaljevic, béid mat 20,69 Meter. Hannert dem Lëtzebuerger war et de Pol Michal Haratyk mat 19,79 Meter.
An der Grupp B hu sech mam Wictor Petersson (20,57), Tomas Stanek (20,53), Scott Lincoln (20,31), Francisco Belo (20,18), Andrei Toader (20,13), Mesud Pezer (19,79) a Zane Weir (19,71) siwe Leit qualifizéiert.
D'Finall am Bommstoussen ass e Samschdeg den Owend kuerz no 21 Auer.