De Lëtzebuerger Bommstousser konnt seng 7,260 Kilogramm schwéier Kugel 20,86 Meter wäit geheien. Gold goung un de Leonardo Fabbri aus Italien.

An der Finall am Bommstoussen gouf et e Samschdegowend eng Victoire vum Leonardo Fabbri. Wärend senge véier gëltegen Essaien huet den Italieener seng Kugel eng Kéier 22,45 Meter wäit geheit an hat domat e Virsprong vu knapp 1,2 Meter op den Zweetplacéierte Filip Mihaljevic aus Kroatien. De Michal Haratyk aus Polen koum mat 20,94 Meter op déi drëtt Plaz.

De Bob Bertemes placéiert sech als 6. an der Finall.

De Lëtzebuerger Bob Bertemes hat sech e Freideg mat enger Wäit vun 20,23 Meter fir d'Finall qualifizéiert. E Samschdegowend konnt hie seng Kugel nach eng Kéier 60 Zentimeter méi wäit geheien. Déi 20,86 Meter goungen awer net duer, fir op de Podium ze kommen. De Lëtzebuerger hat bei sechs Versich och véier ongülteg Essaien. De 4. an de 5., den Tomas Stanek an de Scott Lincoln, louche just zwee Zentimeter virum Bertemes (20,88 m).

De Ruben Querinjean war e Samschdeg de Moien iwwer 3.000 Meter Steeple um Depart, konnt sech awer net fir déi nächst Ronn qualifizéieren.