Wie sinn d'Favoritten? Wie kéint iwwerraschen a wien enttäuschen?

De Freideg den Owend um 21 Auer fänkt d’Futtball-Europameeschterschaft bei eisen däitschen Noperen un.
Fir den Optakt kritt et Däitschland zu München mat Schottland ze dinn. Bis de 14. Juli gëtt de Successeur vun Italien gesicht. An do kommen e puer Ekippen a Fro. Notamment och zwou Natiounen, géint déi d’Rout Léiwe viru kuerzem gespillt hunn.
Wie sinn d'Favoritten?
De Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans huet sech scho wäit aus der Fënster geluecht: fir hie gëtt Frankräich Europameeschter. Frankräich wéi och d’Belsch gehéiere sécherlech zum gréissere Favorittekrees op den EM-Titel.
D'Fransouse muss ee mat deem Kader, dee si aktuell hunn, einfach um Ziedel hunn. Donieft ass de Vize-Weltmeeschter op Revanche aus. Bei der leschter EM ass ee wäit hannert den Erwaardungen zeréckbliwwen, wéi ee schonns an der Aachtelsfinall no Eelefmeterschéisse géint d'Schwäiz verluer hat. Datt een eng schwéier Grupp huet mat Holland, Éisträich a Polen kann der Ekipp vum Trainer Didier Deschamps villäicht hëllefen, schonns fréi de Rhythmus ze fannen, deen huet an de leschten Testmatcher nämlech nach e bësse gefeelt. Nawell ass Frankräich ee vun den absolutten Toppfavoritten. Et gëtt wuel Kritik, ma am Fall vun de Fransousen ass dat Kritik op ganz héijem Niveau.

© AFP
D'Belsch muss een och nennen, wann een iwwer Favoritte schwätzt, ma et kéint fir d'Ära vum Kevin de Bruyne a Romelu Lukaku déi lescht Chance sinn, ma mëttlerweil huet een d'Ekipp mat gudde jonke Spiller verstäerkt. D'Belsch ass also weiderhin eng Natioun, mat där ze rechnen ass, virun allem huet ee mat der Ukrain, Rumänien an der Slowakei net déi schwéierst Grupp erwëscht. Och déi souverän Qualifikatiounsphas dierft de Jonge vum Nationaltrainer Domenico Tedesco Confiance ginn.
Um Pabeier sinn awer och d'"Three Lions" ganz staark anzeschätzen. D'Englänner hätten nämlech schonn zanter Joren eng immens staark Ekipp, se hätte just heiansdo Problemer, dat um Terrain ze weisen, mengt de fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller Eric Hoffmann. Donieft dierft een och Ekippe wéi Kroatien, Holland an Italien net ënnerschätzen. Natierlech kéint och Spuenien ëmmer ee Wuert ëm den Titel matschwätzen. Eisen RTL-Futtball-Expert Eric Hoffmann leet sech awer op eng Ekipp fest. Hien ass der Meenung, dass England déi Kéier déi beschten Ekipp huet an den Titel mat heem hëlt.

© AFP
Den Titelverdeedeger Italien hat an de leschte Joren a Méint eng éischter schwaach Phas. D'"Squadra Azzura" huet sech an der Qualifikatioun nëmme knapp virun der Ukrain duerchgesat an huet och mat enger Rei Blessuren ze kämpfen. Ëmmerhin huet ee sech qualifizéiert, dat hat ee fir d'WM virun zwee Joer jo net gepackt. Och wann een zanter elo bal engem Joer mam Luciano Spalletti een neien Trainer huet, dee mat Neapel iwwerraschend de Scudetto an der Saison 22/23 gewanne konnt, mussen d'Italiener hir Ambitioune wuel méi kleng halen.
Beim Cristiano Ronaldo a Portugal schéngt aktuell d'Form och ze stëmmen. Nieft gudde Preparatiounsmatcher hunn d'Portugisen an der Qualifikatioun 10 vun 10 Matcher gewonnen. Domat waren d'Portugisen déi eenzeg, deenen dat gelongen ass an där Campagne. Nom Europameeschtertitel 2016 wëll Portugal och dëst Joer nees attackéieren. An der Grupp mat Georgien, Tschechien an der Tierkei dierft ee relativ sécher weiderkommen.

© AFP
An de leschte Joren huet ee Kroatien ëmmer nees genannt, wann ee vun Iwwerraschunge geschwat huet. Mëttlerweil no deene ville gudde Resultater, notamment bei Weltmeeschterschaften, muss ee Kroatien zu de Favoritten zielen, mengt och den Eric Hoffmann. Bei der EM 2020 hat ee mat "just" enger Aachtelsfinall dat schlechtst Resultat aus de leschte Jore realiséiert, dat wëll een dëst Joer änneren an eben no enger WM-Finall och eng EM-Finall attackéieren. Fir d'éischt muss een awer emol an der schwéierer Grupp mat Albanien, Italien a Spuenien weiderkommen.
Den Europameeschter vun 2008 an 2012 huet sécherlech och Ambitiounen op den Titel. Spuenien huet zwar net méi déi ganz grouss Nimm am Kader wéi eeben 2008 an 2012. Nawell kann den Nationaltrainer Luis de la Fuente op ee qualitativ ganz staarke Kader zeréckgräifen, mat deem hien ënnert anerem d'Nations League dëst Joer gewonnen huet. Wat opfält ass, dass et eng immens jonk Ekipp ass, mat den De la Fuente huet Erfarung mat jonke Spiller, well hien 2015 mat der U19 d'EM an 2019 mat der U21 d'EM gewonnen huet.
Wéi gesäit et mat Däitschland aus?

© AFP
18 Joer nom "Sommermärchen" 2006 gëtt nees ee grousst internationaalt Turnéier an Däitschland gespillt. Deemools gouf d’Ekipp vum Jürgen Klinsmann vun der Well vun Euphorie bis an d’Halleffinall gedroen. 2024 ass dëst op en Neits méiglech. Den neien Trainer Julian Nagelsmann huet ee jonken an dynamesche Kader nominéiert. Spiller wéi ee Leon Goretzka oder Mats Hummels goufen net selektionéiert. No deene schlechte Performancen op deene leschten Turnéieren ass den Drock trotzdeem héich. De Kader hätt nämlech eng gewësse Qualitéit, ma nawell géif et am ganze Land e gewëssenen Doute ginn, esou den Eric Hoffmann. Dat wier virun allem dorop zeréckzeféieren, dass d'Leeschtungen an de leschte Méint a virun allem och op deenen dräi leschte groussen Turnéieren net gestëmmt hunn. Hien ass awer der Meenung, sollt et den Däitsche geléngen, ee gudde Start an dës EM ze realiséieren, datt déi "Euphorie-Well" no an no nees kéint opkommen.
De Raphael Duarte, dee Co-Trainer bei Elversberg ass, ass der Meenung, datt Däitschland an der lescht gewisen huet, datt si eng gutt Ekipp sinn. Hien traut der däitscher Ekipp vill zou, och wa si elo an der Breet net de beschte Kader hunn an och e puer gutt Eenzelspiller doheem gelooss hunn. Hie fënnt d'Approche vum Trainerteam, fir de beschte Kollektiv, amplaz déi bescht Eenzelspiller matzehuelen, ganz intressant. An der Grupp hätt ee mat der Schwäiz, Ungarn a Schottland um Pabeier net déi schwéierst Géigner, nawell kéint et ganz schwéier ginn. Wann de Raphael Duarte sech misst festleeën, géif hien awer mengen, dass Däitschland an d'Schwäiz op d'Plazen 1 an 2 kommen.
Wie kéint iwwerraschen?
Eng Iwwerraschungsekipp kéint zum Beispill Éisträich ginn. D’Ekipp vum Ralf Rangnick gëtt vu villen Experte ganz staark ageschat. Där Meenung ass och den Eric Hoffmann. Éisträich wier eng extreem onangeneem Ekipp fir de Géigner. Et hätt een awer eng staark Grupp, ma wann een do géing erauskommen, kéint een an der KO-Phas all deenen aneren Natioune wéidoen.

© AFP
Och Holland kéint fir eng Iwwerraschung suergen. Den Trainer Ronald Koeman huet eng dynamesch an deels ganz jonk Ekipp, déi an de leschte Preparatiounsmatcher gutt Leeschtunge gewisen huet. Allerdéngs huet ee mat Frankräich, Éisträich a Polen eben och eng schwéier Grupp a mat den Ausfäll vum Frenkie de Jong an Teun Koopmeiners huet ee kuerzfristeg Changementer am Kader misse maachen.
Bei der leschter EM ass et bis an d'Halleffinall gaangen an och dëst Joer kéint Dänemark deen een oder aner Géigner nees iwwerraschen. 2021 huet ee sech an der Halleffinall eréischt no Verlängerung géint England misse geschloe ginn a géint genau dee Géigner geet et och dës EM nees, déi Kéier awer schonns an der Grupp, déi vu Slowenien a Serbien komplettéiert gëtt.
An der Qualifikatioun konnt sech d'Tierkei iwwerraschend d'Plaz 1 sécheren. Domat huet een ënnert anerem Kroatien hannert sech gelooss. An och bei der Europameeschterschaft kéint een iwwerraschen. Et ass allerdéngs eng immens jonk Ekipp, fir vill Spiller gëtt et den éischten Optrëtt op der ganz grousser Bün. Deemno muss ee kucken, ob d'Tierkei schonn esou wäit ass, een Exploit ze realiséiere wéi bei der WM 2002 oder der EM 2008. Potenzial ass op alle Fall do.

© AFP
Wie gëtt déi grouss Enttäuschung?
Nieft Iwwerraschunge ginn et awer och ëmmer Enttäuschungen an do huet den Eric Hoffmann virun allem zwou grouss Natioune genannt: Frankräich an Däitschland. D'Fransouse sinn den absolutten Toppfavorit op den Titel, nawell mengt den Eric Hoffmann, dass d'Ekipp vum Trainer Didier Deschamps enttäusche wäert, esou wéi schonns bei der leschter EM, wéi een an der Aachtelsfinall géint d'Schwäiz verluer huet. Donieft mengt hien, dass och Däitschland relativ séier dobausse wäert sinn. D'Jonge vum Julian Nagelsmann hätten einfach ze vill Déiften an hirem Spill dran.

© Val Wagner
Fir wéi eng Ekippe kéint schonn an der Grupp Schluss sinn?
Fir Albanien wäert et ganz schwéier ginn, sech fir d'Aachtelsfinallen ze qualifizéieren. Am Grupp B mat Italien, Spuenien a Kroatien dierft d'Qualitéit vun der Ekipp vum Trainer Sylvinho net duergoen.
Serbien a Slowenien kéinten et iwwerdeems och ganz schwéier kréien. Béid Ekippe sinn ongeféier d'nämmlecht staark anzeschätzen, iwwerdeems d'Gruppegéigner England an Dänemark wuel méi staark anzeschätze sinn.
Fir den Optaktmatch géint Holland muss Polen op säi grousse Star Robert Lewandowski verzichten. Ma net nëmmen dowéinst dierft et fir Polen ganz schwéier ginn. An der Grupp mat Frankräich, Holland an Éisträich sinn d'Polen de kloren Aussesäiter.

© AFP
Rumänien dierft et am Grupp iwwerdeems ganz schwéier kréien. D'Belsch zielen als de grousse Favorit an d'Ukrain wäert sech warscheinlech mat der Slowakei ëm déi zweet Plaz streiden. Mee wie weess, wa sech der zwee streiden...
Géint Georgien sinn d'Lëtzebuerger Dreem vun enger EM-Participatioun geplatzt. An der Finall vum Playoff géint Griicheland ass de Georgier dunn de gréissten Exploit an hirer Geschicht gelongen. Wann een also bei der EM héchstwarscheinlech als Gruppeleschten erausflitt, kann een awer houfreg sinn.

© AFP
Virschaue vum Radio
Wie sech dann d’Europameeschterschaftskroun um Enn däerf opdoen, gi mir no der Finall de 14. Juli zu Berlin gewuer.

© AFP