Éischt Victoire am véierte Match fir d'Dallas Mavericks

© TIM HEITMAN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Mat enger staarker Prestatioun huet Dallas an der Finall ëm de Championstitel an der US-Basketball-Liga den éischte Matchball vu Boston ofgewiert.
An der Nuecht op e Samschdeg hunn d'Mavericks sech virum eegene Public mat 122:84 géint d'Celtics duerchgesat. Dëst ass déi drëtthéchste Victoire an der Geschicht vun den NBA-Finals.
Déi wichtegst Scorer bei de Mavericks waren op en Neits de Luka Doncic an de Kyrie Irving. Dat mat 29 respektiv 21 Punkten. Bei den, am Verglach mat de leschten dräi Matcher, schwaache Celtics hunn déi zwee wichtegst Spiller Jayson Tatum an Jaylen Brown et an dëser Partie nëmmen op 15 respektiv 10 Punkte bruecht.
An der "Best-of-Seven-Serie" ëm de Championstitel an der NBA steet et elo 3:1 fir Boston. Den nächste Match gëtt an der Nuecht op en Dënschdeg zu Boston gespillt.