Italien dréint Match géint Albanien a Spuenien léisst Kroatien keng Chance
Dobäi louch Albanien duerch dee schnellste jee markéierte Gol bei enger EM no 22 Sekonne mat 1:0 a Féierung. Um Enn steet et 2:1 fir Italien.
Um Samschdeg de Mëtteg gouf et am zweete Match vum Grupp A eng 3:1-Victoire vun der Schwäiz géint Ungarn. Am Grupp B huet Spuenien Kroatien iwwerraschend däitlech mat 3:0 geschloen. Am nämmlechte Grupp gouf et am Owesmatch eng verdéngte Victoire vun Italien géint Albanien.
Grupp A: Ungarn - Schwäiz 1:3
0:1 Duah (12'), 0:2 Aebischer (45'), 1:2 Varga (66'), 1:3 Embolo (90+3')
D'Schwäizer hu vun Ufank un eng iwwerzeegend Leeschtung gewisen a hu sech an der 12. Minutt mam 1:0 duerch den Duah belount. An der 20. Minutt koum et zu enger weiderer 100 % Chance fir d'Schwäizer, de Vargas ass awer um Gulacsi hänke bliwwen. Defense vun der Nati stoung stabil, iwwerdeems d'Ungar Schwieregkeete mat der Schwäizer Offensiv hat. Kuerz virun der Paus konnt de staarken Aebischer mat engem flotten Distanzschoss de Score op 2:0 fir d'Schwäiz eropschrauwen. Et war eng verdéngte Pauseféierung fir d'Ekipp ronderëm de Granit Xhaka.
D'Schwäiz ass gutt aus de Kabinne komm an hat direkt eng gutt Chance duerch de Duah. Dono ass Ungarn ëmmer mei staark ginn. D'Schwäiz stoung net mei sou stabil wéi nach an der 1. Hallschent. An esou konnt Ungarn a Persoun vum Varga per Kapp an der 66. Minutt den Uschloss markéieren. An der Suite ass de Match mei hektesch ginn, Ungarn huet op den Ausgläich gedréckt - allerdéngs ouni Erfolleg. An der Nospillzäit huet de agewiesselten Embolo no engem Konter fir d'Entscheedung gesuergt. D'Schwäiz gewënnt deemno mat 3:1 géint Ungarn.
Grupp B: Spuenien - Kroatien 3:0
1:0 Morata (29‘), 2:0 Fabian (32‘), 3:0 Carvajal (45+2‘)
An der Ufanksphase ass op béide Säiten net all ze vill passéiert, béid Ekippen hu sech ofgetaascht, mat engem liichtem Iwwergewiicht fir Kroatien, ouni awer nennenswäert Chancë gehat ze hunn. An der 29. Minutt huet Spuenien du quasi mat der 1. richteger Chance den 1:0 markéiert. No engem Zockerpass vum Fabian huet de Morata äiskal d'Féierung fir d'Spuenier markéiert. Nëmmen 3 Minutte mei spéit konnt de Fabian noleeën an et stoung op emol 2:0. Kroatien hat an der Suite wuel 2 gutt Chancen, de Kovacic ass awer jeeweils um staarken Unai Simon hänke bliwwen. An der Nospillzäit huet de Carvajal souguer nach de 3:0 markéiert.
An deenen zweete 45 Minutten hunn déi 70.000 Spectateuren zu Berlin eng Spuenesch Ekipp gesinn, déi de Match verwalt huet. Kroatien hat bis op en Eelefmeter an der 80' net wierklech Chancen. Dësen huet de Petkovic dunn och nach laanscht geschoss. De Ball ass du wuel bei de Perisic komm, deen de Ball nees zeréck op de Petkovic gepasst huet an dunn de Gol konnt markéieren, de VAR huet dësen awer net unerkannt, dat well de Perisic ze fréi an de Strofraum gelaf ass. Alles an allem e gebrauchten Dag fir d'Kroaten.
Grupp B: Italien - Albanien
0:1 Bajrami (1'), 1:1 Bastoni (11'), 2:1 Barella (16')
22 Sekonnen huet et gedauert, éier de Bajrami no engem katastrophalem Aworf vum Dimarco de Ball äiskal an de Gol vun den Italieener geschoss huet. Albanien louch deemno net nëmmen iwwerraschend a Féierung, ma et war och nach de schnellste Gol dee jee bei enger Europameeschterschaft geschoss gouf. D'Äntwert vum aktuellen Europameeschter sollt awer net laang op sech waarden. No enger gelongener Flank vum Pellegrini konnt de Pastoni per Kapp an der 11. Minutt zum Ausgläich käppen.
D'Squaddra Azzurra huet den Drock op déi albanesch Ofwier weider oprecht erhalen an huet sech nëmme 5 Minutte mei spéit mam 2 Gol belount. De Barella huet de Ball mat engem Distanzschoss am Filet ënnerbruecht. Vun Albanien ass an der Suite net mei vill komm, sou dass et an der Paus aus der Siicht vun Italien verdéngt 2:1 stoung.
Nom Téi huet Italien e Gang zeréck geschrauft. Bis op eng gutt Chance vum Scamacca ass an der Offensiv näischt nennenswäertes geschitt. Doduerch krut Albanien an der Schlussphase nach d'Méiglechkeet op den Ausgläich. Fale sollt den 2:2 awer net mei. Domat steet Italien nom 1. Spilldag mat 3 Punkten op der 2. Plaz an der Tabell, hannert Spuenien.