Italien, Frankräich, Holland an England stinn an der 1/8-Finall
An der Nospillzäit huet Italien géint Kroatien ausgeglach a sech eng Ronn weider geschoss. Spuenien huet sech donieft knapp géint Albanien behaapt.
Am Grupp B huet Kroatien eng Victoire gebraucht, fir sech fir de nächsten Tour ze qualifizéieren an no enger gudder 2. Hallschent hat et laang dono ausgesinn, wéi wann dat géing klappen. Den Zaccagni konnt awer an der leschter Minutt vun der Nospillzäit ausgläichen an huet Italien an d'Aachtelsfinall geschoss. Do spillen d'Italieener géint d'Schwäiz. Kroatien huet quasi keng Chance méi op de nächsten Tour.
An der anerer Partie war virum Spilldag scho kloer, datt Spuenien als Tabellenéischte weider ass. Géint Albanien huet sech d'Ekipp vum de la Fuente verdéngt mat 1:0 duerchgesat, obwuel den Trainer vill rotéiert a bal all d'Ersatzspiller op den Terrain bruecht hat. Albanien schléisst d'EM op der 4. Plaz of.
Duerch d‘Victoire vun de Spuenier steet och scho fest, datt Frankräich, Holland an England et rechneresch an d‘Aachtelsfinalle gepackt hunn. Keng vun den Ekippe ka méi als Gruppendrëtten eliminéiert ginn, well 4 Punkte sécher duer ginn, fir an déi nächst Ronn ze kommen.
Grupp B: Kroatien - Italien 1:1
1:0 Modric (55'), 1:1 Zaccagni (90+8')
Kroatien hat de bessere Start erwëscht an hat no 5 Minutten eng éischt gutt Chance. De Sucic war mat sengem Schoss awer um Donnarumma hänke bliwwen. Italien huet dogéint fréi op Zäit gespillt an d'Spill ëmmer nees lues gemaach. An der 21. Minutt huet de Retegui op italieenescher Säit awer knapp laanscht de Gol gekäppt. Et war méi Tempo am Match an Italien hat an der 27. Minutt déi bescht Chance vun der 1. Hallschent. No enger flotter Flank vum Barella hat de Bastoni awer op de Golkipp an net an de Gol gekäppt. Op der anerer Säit huet den Donnarumma missen eng geféierlech Flank vum Modric ofwieren. Virun der Paus war da just nach dem Pellgrini säi Schoss net genau genuch, soudatt d'Säite mam 0:0 gewiesselt si ginn.
Nom Téi hunn d'Kroaten den Drock erhéicht an et ass Schlag op Schlag gaangen. No engem Handspill am Strofraum gouf et an der 54. Minutt en Eelefmeter fir Kroatien. Den Donnarumma huet de Schoss vum Modric gehalen, mee d'Aktioun ass viru gaangen. No enger Flank ass de Budimir op en Neits net laanscht den italieenesche Golkipp komm, den Noschoss vum Modric war dunn awer am Gol. Italien huet misse reagéieren a war elo däitlech méi aktiv am Spill no vir. No engem Corner huet de Bastoni iwwer de Gol gekäppt. Eng Well no der anerer ass an där Phas Richtung kroatesche Gol gelaf, déi lescht Pass huet bei Italien awer gefeelt. D'Kroate waren dono nees méi präsent um Terrain a konnten d'Italieener vum eegene Gol wech halen. An der leschter Minutt vun der Nospillzäit huet den Zaccagni den 1:1 markéiert a fir grouss Euphorie bei der Squadra Azzurra gesuergt. Am nächsten Tour waart elo d'Schwäiz op d'Ekipp vum Luciano Spalletti.
Grupp B: Albanien - Spuenien 0:1
0:1 Ferran Torres (13')
Well Spuenie scho virum Spilldag als Gruppenéischte feststoung huet den Trainer d'Ekipp op 10 Positiounen ëmgestallt. Just de Laporte an der Ofwier war an den éischten 11 vun Ufank un um Terrain ze fannen. Trotz der grousser Rotatioun war Spuenie fréi dominant um Terrain an ass an der 13. Minutt duerch de Ferran Torres a Féierung gaangen. Et huet weiderhi just de Favorit gespillt, et goufen awer ze vill Chancë leie gelooss. An der 36. Minutt huet den Dani Olmo bei sengem Schoss ze laang gewaart. Fënnef Minutte méi spéit goung dem Ferran Torres säi Kappball aus gudder Positioun driwwer. Vun Albanien koum ze wéineg, kuerz virun der Paus huet d'Ekipp vum Sylvinho awer eng éischte Kéier geféierlech op de Gol geschoss. De Raya konnt de Schoss vum Asllani awer paréieren.
No der Paus sinn d'Spuenier besser aus de Kabinne komm, dem Joselu säin Ofschloss goung awer knapp laanscht de Gol. No der Stonn ass Albanie méi staark ginn an hat duerch de Broja eng gutt Chance op den Ausgläich, de Raya konnt awer de Ball ofwieren. D'Partie ass ëmmer méi verflaacht. D'Spuenier huet déi eng oder aner Geleeënheet rausgespillt, vun de Rout-Schwaarze koum am Spill no vir net vill. Bis zum Schluss ass näischt méi geschitt an et ass bei der knapper Victoire fir Spuenie bliwwen. Albanien bleift op der 4. Plaz a muss nees Heem fueren.