Fréieren Nationalspiller
Dave Turpel wiesselt op Biissen an d'Éierepromotioun

Den Dave Turpel huet och eng Zäit zu Virton an der Belsch gespillt. / © Roland Miny (Archiv)
Aus dem Futtball ass et d'Nouvelle, datt den Dave Turpel an der neier Saison fir Biissen wäert spillen.
Dat huet de Veräin aus der Éierepromotioun en Dënschdeg matgedeelt. Den Turpel huet fir d‘lescht zu Nidderkuer gespillt a war viru Joren ee vun de beschte Stiermer am Land. Donieft huet hien a senger Karriär och 51 Mol fir d‘FLF-Formatioun den Nationaltrikot gedroen.
Am meeschte gelies