Enn d'lescht Joer gouf et den éischte Kontakt tëschent dem Anne Kremer an dem COSL. A schonn deemools wier et en emotionale Moment gewiescht.

D'Anne Kremer hat selwer ni domadder gerechent, bei engem potentielle Passage vun der Olympescher Flam ausgewielt ze ginn. D'Anne Kremer wier eng Inspiratioun, sou den COSL.
 
Reng sportlech war d'Anne Kremer 3 Mol bei den Olympesche Spiller dobäi, zu Atlanta huet déi haut 48 Joer al Lëtzebuergerin de Fändel gedroen. Si huet d'Dier opgemaach fir jonk Talenter am Profisport, 2 WTA Tournoie gewonnen a war am Juli 2002 d'Nummer 18 vun der Welt.
 
No hirem Accident huet d'Anne an de leschte Joer ëmmer weider Sport gemaach. Duerch hir Karriär huet virun allem eng gewësse mental Stäerkt hir gehollef, erëm en normaalt Liewen ze féieren. De Sport wier e wichtege Faktor a wäert ëmmer eng Roll an hirem perséinleche Liewe spillen, sou d'Anne Kremer.