Um Kongress vun der Handballfederatioun stoung e Samschdeg de Moien zu Käerjeng d’Wal vum President am Mëttelpunkt.

Resumé vum Kongress vun der Handballfederatioun

Den Dokter Romain Schockmel war no 8 Joer als President deen eenzege Kandidat op seng Successioun. De Romain Schockmel gouf fir weider 4 Joer op deem Poste par acclamation confirméiert.

RTL

© Serge Olmo

Am Kontext Dammenhandball gouf wärend der Saison e Referendum organiséiert, fir d’Zuel vun den Ekippen an der héchster Divisioun ze reduzéieren. Et koum een awer zu kengem Konsens an et gouf festgehalen, déi Decisioun definitiv um Kongress ze huelen.

Zu Käerjeng ass um Samschdeg erauskomm, datt vun der Saison 2025/26 u bei den Damme mat 6 Ekippe gespillt gëtt amplaz mat 8 Ekippen. Dës Propos gouf mat 34 Jo-Stëmmen géint 24 Nee-Stëmmen ugeholl . Bierchem a Rëmeleng hu sech enthalen. Et gouf och ugeholl, datt bei den decisive Matcher am Modus “Best of Three” gespillt gëtt.

Punkto Conseil d’Administration huet de Vizepresident vun der FLH Eric Ewald aus perséinleche Grënn demissionéiert. Den Adrien Deischter geet, wéi de President gesot huet, punkto Handball an d’Pensioun an ass deemno net méi am Verwaltungsrot.

Mat Anna Dickes, Sylviane Gambini a Mireille Léonardy goufe par acclamation 3 nei Memberen ugeholl. D’Josée Keiffer ass déi 1. Vizepresidentin. Fir d’Poste vum 2. Vizepresident a vum Tresorier goufe keng Decisioune geholl, well d’Kandidaturen hors délai eragereecht goufen. Déi Poste sollen op engem ausseruerdentleche Kongress den 31. August verdeelt ginn. Op deem extraordinäre Kongress sollen zu Käerjeng och verschidde Statuten a Reglementer diskutéiert ginn.

De Sportminister Georges Mischo, deen dem Handball bekanntlech ganz no steet, war op der Assemblée Genérale present an huet dem Sport seng Ënnerstëtzung garantéiert. Am Kloertext sollen och vun 2025 un d’Subsiden erhéicht ginn, dëst awer net nëmme fir d’Handballfederatioun.

De Vizepresident vum Comité Olympique Michel Knepper huet um Kongress ervirgehuewenen, datt den Handball d'Limitt vun den 3.000 Lizenzen iwwerschratt huet.

Finanziell ass d’Situatioun bei der Federatioun gesond. 2023 gouf et e Benefice vu ronn 82.000€.

Als neie Club gouf de Luxembourg Lions Club Dodgeball Club an  d'Federatioun opgeholl. Dodgeball änelt dem «Völkerball » an huet e puer Änlechkeete mam Handball, dofir huet d’Federatioun de Veräin opgeholl.

Den Handball Bartreng huet säin Numm an Handball Leideleng ëmgewandelt. De Veräin huet och ëmmer zu Leideleng gespillt.

Den nächsten ordinäre Kongress wäert d’nächst Joer zu Miersch organiséiert ginn.