2024 ass déi zweet Editioun vun der 3X3 Luxembourg Tour. E Samschdeg war den Optakt um Belval.

Am Ganze ginn et dräi Rendez-vousen: nieft dem Belval gëtt de 6. Juli an der Stad bei der Philharmonie an den 13. Juli zu Wolz gespillt. All Weekend gëtt an anere Kategorië gespillt. Just d'Elite bei den Häre spillt déi dräi Weekender.