"Et muss een all Dag opstoen a säi Bescht maache wëllen, soss gëtt dat näischt"

An eiser Serie iwwer d'Lëtzebuerger Sportler, déi bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, wëlle mir Iech de Mënsch hannert dem Sportler méi no bréngen.
- Sport: Reiden
- Disziplin: Dressur
- Gebuertsdatum: 02.01.1992
- 2. Participatioun bei Olympesche Spiller
- Am Asaz zu Paräis: Grand Prix Dag 1: 24. Plaz ënnert 60 Reider
No Tokio huet den Nicolas Wagner sech eng zweet Kéier fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert an dobäi war säi Päerd Quater Back Junior 6 Méint laang krank. Deementspriechend ass de Reider ëmsou méi houfreg, datt hien et awer gepackt huet, fir zu Paräis kënnen dobäi ze sinn. Méi genee wäerten d'Reitkompetitiounen zu Versailles sinn, dat versprécht eng impressionnant Kuliss.
Den Nicolas Wagner méi privat

Wéini genee den Nicolas Wagner eng éischt Kéier op engem Päerd souz, weess hien net. "Ech si schonn ëmmer geridden", erkläert hien eis am Interview. D'Passioun fir de Reitsport huet hie vu senger Mamm iwwerholl, genau wéi d'Spezialisatioun op d'Dressurreiden.
Allgemeng ass de Sportler e passionéierten Déierefrënd. Nieft Päerd schafft hien a senger Fräizäit och gäre mat Dauwen. Déi Passioun huet hie vu sengem Bop geierft. Och an Zukunft wëll den Nicolas Wagner weider mat Déiere schaffen a speziell op de Reitsport gesinn, nach weider Päerd ausbilden an op e gudden Niveau bréngen.
Wat säin eegent Talent ugeet, ass hien der Meenung, datt dat alles e laange Prozess ass, wou ee vill u sech muss schaffen. Deemno misst ee vill Fläiss an Zäit investéieren, wann ee seng Ziler wëll erreechen. Wichteg wier och, ëmmer drun ze bleiwen, u sech ze gleewen an net opzeginn.
Obwuel d'Olympesch Spiller zu Tokio zur Zäit vun der Corona-Pandemie waren, erënnert den Nicolas Wagner sech awer ëmmer nees gären u seng éischt Olympiad.

Mat de Päerd reest de Reider immens vill, deemno huet en net esou vill Zäit, fir selwer an d'Vakanz ze goen. Vun Zäit zu Zäit zitt et den Nicolas Wagner awer och ëmmer nees an de Wantersport oder awer an d'Sonn. Seng Liblingsplaz ass awer doheem.
Wien nach méi Detailer gewuer wëll ginn oder och méi iwwer d'Relatioun tëscht dem Nicolas Wagner a sengem Päerd wësse wëll, dee ka sech de kompletten Interview ukucken an ulauschteren.
