Linda Krombach a Sebastian Ziekman séchere sech den Titel iwwer d'Sprintdistanz
De Weekend si beim Iechternacher Triathlon déi nei Lëtzebuerger Championen iwwer d'Sprintdistanz gesicht ginn.
Dat nationaalt Championnat am Sprinttriathlon (750m Schwammen, 20km Vëlofueren, 5km Lafen) war e Spigelbild vun där exzellenter Jugendaarbecht, déi zanter Joren an der Triathlonfederatioun geleescht gëtt. Déi jonk Triathlete waren zesumme mat de Senioren um Depart an hunn d’Championnat dominéiert.
De jonken Theo Marti koum als 1. aus dem Waasser. No där éischter Ronn um Vëlo war den talentéierte Sebastian Ziekman schonn un hien erukomm. Et hätt ee sech net gewonnert, wann de Gilles Miny, e staarke Vëlosfuerer, säi Retard vum Schwammen um Vëlo opgeholl hätt an un d’Spëtzt gefuer wier, allerdéngs huet d'Vëlosketten dem 22 Joer ale Sportler e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.
D'lescht Woch krut de Sebastian Ziekman 16 Joer an hien huet e Sonndeg den Tëppelchen op den I gesat. De jonken Triathlet gewënnt d’Course um Enn souverän virum Theo Marti an dem Tom Heyart.
Den David Lang, deen zu de weltbeschte Juniore gehéiert, huet sech d’Course als Spectateur ugekuckt. Hee kuréiert eng liicht Verletzung aus a wëll fir déi grouss international Rendez-vousen an optimaler Form starten.
Bei den Damme geet kee Wee laanscht d’Krombach-Schwësteren. Um Vëlo waren d’Linda an d’Mara Krombach nach zesummen. D’Linda Krombach, déi 2 Joer méi jonk ass wéi d'Mara, hat e bessere Wiessel an eng méi séier Lafcourse an huet sech doduerch den Titel geséchert.
D'Mara Krombach war zwee Joer laang blesséiert a kämpft sech lues nees zeréck.