"Ech kéint 7. ginn an enttäuscht sinn, awer och 14. ginn a frou sinn"

An eiser Serie iwwer d'Lëtzebuerger Sportler, déi bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, wëlle mir Iech de Mënsch hannert dem Sportler méi no bréngen.
- Sport: Triathlon
- Disziplin: Olympesch Distanz
- Gebuertsdatum: 30.03.1996
- 1. Participatioun bei Olympesche Spiller
- Am Asaz zu Paräis: 31. Juli 8.00 Auer - D'Jeanne Lehair konnt d'Course op Grond vun engem Defekt um Vëlo net op en Enn fueren.
Mat 6 Joer huet d'Jeanne Lehair mam Triathlon ugefaangen. Elo zu Paräis ass si eng éischte Kéier an hirer Karriär bei den Olympesche Spiller dobäi.

© FLTRI
D'Jeanne Lehair am Portrait
D'Jeanne Lehair lauschtert gäre Musek, dat wärend hirem Sport an awer och do niewendrun. Kräizwuerträtsele mécht d'Triathletin och gären an hirer Fräizäit. Wa si keng Profisportlerin gi wier, hätt si gäre Sciences politiques studéiert, fir spéiderhin als Journalistin ze schaffen, huet si eis am Interview erkläert.
D'Jeanne Lehair war vu klengem un awer immens kompetitiv a wollt ëmmer vir sinn, esou datt fir si relativ séier kloer war, datt si hire Sport méi seriö wéilt maachen. E positiven Nieweneffekt vun hirem Sport ass, datt si vill duerch d'Welt reese kann. Dat ass eppes, dat der Triathletin immens gutt gefält. Si dreemt och dovunner, eemol an d'Mongolei ze reesen.
Wéi schonns gesot, ass d'Jeanne Lehair eng immens kompetitiv Persoun. Deemno ass et fir si net schwéier, sech selwer ze motivéieren. Si gewënnt einfach gären.
Wat hiert Liblingsiessen ugeet, sot d'Jeanne Lehair si hätt Quiche Lorraine a Bouchée à la reine immens gären, awer och Burgeren.
"Ech kéint 7. ginn an enttäuscht sinn awer och 14. ginn a frou sinn", äntwert d'Jeanne Lehair op d'Fro, wéini d'Olympesch Spiller fir si e Succès sinn. Si wëll einfach hiert Bescht ginn a kucken, wat dann dobäi erauskënnt. Nawell hofft si op eng Placéierung an den Top 8.
Wie wësse wëll, wat et fir si bedeit, Lëtzebuerg op den Olympesche Spiller ze vertrieden oder wéi hire perfekte fräien Dag ausgesäit, dee ka sech de kompletten Interview ukucken an ulauschteren.

© FLTRI