An den Halleffinalle gesi sech en Dënschdeg Spuenien a Frankräich, ier et e Mëttwoch un Holland an England ass.

Op hirem Wee an d'Halleffinall hunn d'Spuenier an der KO-Phas Georgien an och Däitschland eliminéiert. Virun allem d'Véierelsfinall géint déi däitsch Lokalekipp zielt sécherlech zu deene spannendsten a beschte Matcher vun dëser EM. De Gros vun de Partien an der KO-Phas war awer éischter manner attraktiv an déi jeeweileg Ekippe wollte kee Risiko agoen. Dozou de Kapitän vun der Lëtzebuerger Fussball Nationalekipp, de Laurent Jans:

Virschau op d'Halleffinallen vun der Futtball EM / Rep. Sam Rickal

"Spuenien géint Däitschland, zwou Ekippen, déi fir d'Victoire gespillt hunn, wat natierlech dann ëmmer schéin ass. Et war immens spannend. Et war wierklech ee vun deene bessere Matcher och dës EM. Ob elo dee beschte Match war, dat ass ëmmer schwéier soen. An an der KO-Phas ass et och ëmmer ganz typesch. Do weess een, datt soubal ee Feeler gemaach gëtt, dat kann direkt bestrooft ginn. Do sinn och ganz vill Ekippen drop aus, als Éischt mol sécher ze stoen, vläicht net ze vill Risiko anzegoen. Dat mierkt een dann natierlech och ëmmer dann an deene KO-Matcher."

 

De spuenesche Géigner an der Halleffinall heescht Frankräich. De Weltmeeschter vun 2018 konnt sech réischt am Eelefmeterschéisse géint Portugal duerchsetzen. Iwwerzeegt hunn d'Fransouse bis e well nach net esou richteg. Géint Spuenien mussen "Les Bleus" eng Schëpp drop leeën.

"Ech perséinlech erwaarde mer am Fong do ganz vill. Ech sinn der Meenung, datt bei de Fransousen och iergendwann eng Kéier de Knuet misst platzen. Wéi gesot, si hunn dëst ganz Turnéier net hire beschte Fussball gewisen. Frankräich huet mech e bëssen enttäuscht, well ech se jo halt virun der EM ganz staark ageschat hunn a fir mech een zu den absolutten Toppfavoritte gehéieren. Ech mengen, datt dee Match géint Spuenien ganz interessant ka ginn, well d'Spuenier bis elo dee beschte Fussball spillen."

 

Eng änlech Ausgankssituatioun wéi Frankräich huet och England. D'Ekipp vum Gareth Southgate huet bis dato trotz hirem individuell staarke Kader net iwwerzeegt a konnt sech och réischt am Eelefmeterschéisse géint d'Schwäiz behaapten. D'"Three Lions" si schwéier anzeschätzen.

"Wann een e bësse kuckt, wéi ee Potenzial déi an der Ekipp hunn, wéi eng Spiller, déi do ronderëm lafen hunn. Dat ass wierklech mat dat Bescht, wat der Welt ronderëm leeft. Et ass immens enttäuschend vun de Leeschtungen hir, déi si bis elo als Ekipp, mee och individuell bruecht hunn. Dat si wierklech Top-Spiller, déi an hire Veräiner ëmmer den Ënnerscheed ausmaachen an et da wierklech net fäerdeg kréien, dat elo bei England ze weisen. Ech hoffen och do, datt d'Englänner eng Kéier hir d'richtegt Gesiicht weisen."

Komplettéiert gëtt d'Halleffinall vun Holland. D'Oranje konnt sech am leschten Tour géint d'Tierkei duerchsetzen. D'Ekipp vum Ronald Koeman hat ee virun der EM als Titelfavorit villäicht net direkt um Ziedel.

"Si sinn an hirem Grupp nëmmen Drëtte ginn. An awer sti si lo an der Halleffinall, an och verdéngt. Et ass eng Ekipp, déi trotzdeem spilleresch iwwerzeegt huet bis elo. Et kann och natierlech ee ganz schéine Match géint England ginn, well och do mussen d' Englänner definitiv hire beschte Fussball weisen, wann si eng Chance wëllen hunn,  fir an d'Finall ze kommen."

De Laurent Jans mengt, datt den neien Europameeschter sech aus der Halleffinall Spuenien - Frankräich eraus kristalliséiert. Wie sech dann um Enn den EM-Titel ka sécheren, gi mir e Sonndeg den Owend gewuer.