A gutt 2 Wochen ass et sou wäit, de 26. Juli fänken zu Paräis d'Olympesch Summerspiller un.

Ma elo schonn ass dat gréisst Sportsevenement vun der Welt an der franséischer Haaptstad present. Dat zum Beispill duerch déi olympesch Réng, déi um Eiffeltuerm tëscht der éischter an der zweeter Etage montéiert goufen. D'Réng symboliséiere jo déi 5 Kontinenter Afrika, Amerika, Asien, Australien an Europa. Um Arc de Triomphe goufen dann déi sougenannten Agitos montéiert. Dës sinn de Logo vun de Paralympesche Spiller, déi no den Olympesche Spiller zu Paräis organiséiert ginn.

Béid Konstruktioune goufen dës Kéier vun ArcelorMittal produzéiert. Dobäi gouf dorobber opgepasst, just dee Stol ze benotzen, bei deem senger Hierstellung sou mann wéi méiglech CO2 ausgestouss gouf.