An der 1. Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun huet Déifferdeng op de Färöer-Insele mat 0:2 géint KI Klaksvik verluer.

Déifferdeng verléiert den Allersmatch zu Klaksvik / Reportage Serge Olmo

No engem verhalene Start an den Allersmatch ass Klaksvik mat der éischter Chance an der 12. Minutt duerch de Frederiksberg a Féierung gaangen. An der Suite war Déifferdeng besser am Match, huet no enger gudder hallwer Stonn awer just d'Lat getraff. D'Lëtzebuerger hate bis an d'Paus weider Chancen, hunn et awer verpasst auszegläichen. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent huet de Frederiksberg no engem Eelefmeter op 2:0 erhéicht.

Och an der zweeter Hallschent hat Déifferdeng méi Chancen, konnt de Ball awer net am Filet ënnerbréngen. Um Enn huet Déifferdeng mat 0:2 de Kierzere gezunn, obwuel een 23 Golschëss hat, de Géigner der just 6.

De Retourmatch zu Lëtzebuerg gëtt de 17. Juli um 19 Auer ugepaff.