De Serb huet an der Véierelsfinall vum Grand-Slam-Turnéier net misse géint den Alex De Minaur untrieden, dee wéinst enger Blessur net spille konnt.

Den Novak Djokovic trëfft an der Ronn vun de leschte véier Spiller zu Wimbledon op de Lorenzo Musetti. Den Italieener huet sech iwwerraschend a senger Partie mat 3:6, 7:6, 6:2, 3:6 a 6:1 géint den Taylor Fritz aus Amerika duerchgesat.

Bei den Dammen hu sech d'Elena Rybakina an d'Barbora Krejcikova fir d'Halleffinalle qualifizéiert.

D'Rybakina huet sech kloer mat 6:3 a 6:2 géint d'Elina Svitolina aus der Ukrain behaapt. D'Krejcikova huet géint d'Jelena Ostapenko aus Lettland mat 6:4 a 7:6 gewonnen.