Mam fréiere Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer hu mir iwwer d'EM, ma och iwwert seng Passioun fir d'Vëlofueren a säi Lien zum Remco Evenepoel geschwat.

Mat der Finall tëschent Spuenien an England e Sonndegowend* geet d'Futtball-EM 2024 op en Enn a wäert Ville wuel och wéinst Sujeten ofsäits vum Sport an Erënnerung bleiwen. Geet et nom Guy Hellers, war den Tournoi aus futtballerescher Siicht op alle Fall kee Fest:

"Ech muss soen, dës EM war vill Quantitéit, awer net vill Qualitéit (...) et si vill Ekippen do, déi spillen, fir net ee Gol geschoss ze kréien. Spuenien zum Beispill, wéi och Éisträich, déi hu probéiert Goler ze schéissen. Wann ech elo Frankräich huelen oder Portugal, oder och haaptsächlech nach d'Englänner, do soen ech mer: Ballkonservatioun ass ganz gutt, Possessioun ass ganz gutt, mee iergendwéi ass déi Saach dem Zoufall iwwerlooss."

Besonnesch Ekippe wéi Frankräich hätten um Niveau vun der individueller Klass zwar enorm vill ze bidden, ma déi offensiv Leeschtung bei dësem Turnéier wier "lamentabel" gewiescht. Dat géif virun allem un der defensiver Philosophie vun engem Didier Deschamps leien, deen net vill spilleresch Fräiheeten zouléisst.

"D'Spiller a sech sinn elo iergendwéi an engem Schema do dran a se fäerten, huet een d'Impressioun, dass wa se eppes géife maachen, wat net géif passen, dann hätte se Problemer, géife se op der Bänk sëtzen oder op der Tribün. An dat fannen ech schued. Dat fënnt een zum Beispill bei de Spuenier net erëm. Wann do och emol en Dribbling an de Sand gesat gëtt, ass et net schlëmm."

Datt ee fir d'Optriede vun de Spuenier bei dëser EM e Faibel huet an hinnen och an der Finall géint England d'Daumen dréckt - "am Numm vum Fussball" -, dorausser mécht de Guy Hellers kee Geheimnis. Net nëmme gefält him hiert offensiivt Spill, och de Fait, datt sech en nëmme 16 Joer ale Lamine Yamal an der A-Nationalekipp duerchgesat krut, fënnt hie "fantastesch".

De Sonndesinterview mam Guy Hellers
Dem Guy Hellers seng Prognos zur EM-Finall

"Et ass machbar, mer si ganz no drun"

Vun 2006 bis 2010 war de Guy Hellers Trainer vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp, ier e vum aktuelle Mann op der Trainerbänk, dem Luc Holtz ofgeléist gouf. Eng Qualifikatioun fir eng Welt- oder Europameeschterschaft war an där Zäit zwar net dran, mä den Ex-Nationaltrainer ass dovunner iwwerzeegt, datt eng Participatioun un engem groussen Turnéier fir d'Rout Léiwe just nach eng Fro vun der Zäit ass. Island hätt et trotz enger nëmmen hallef sou grousser Awunnerzuel wéi Lëtzebuerg ëmmerhin och gepackt. Trotzdeem géif et nach eng Rei Saachen am nationale Futtball ginn, déi ee verbessere kéint:

"Ech mengen, d'Qualitéit ass do, wat ech scho viru Jore gesot hunn (...) Wat mir feelt, ouni elo wëllen iergendengem nozetrieden, dat ass den Trainer-Staff zum Beispill: Mir hu kee Profi op der Bänk an dat mécht een Ënnerscheed. Dofir kann eisen Nationaltrainer net, dass en dee Feedback do net huet. Mä ech géif soen, wann dat géif antrieden, en Trainer mat engem professionelle Feedback, da wäre mer nach méi wäit mat der Ekipp, wéi mer dat momentan sinn. Well wann ee kuckt: mir hu praktesch lauter Jongen, déi am Ausland spillen, déi sinn eppes aneschters gewinnt an engem Profiberäich wéi an engem Amateurberäich."

De Lëtzebuerger Futtball géif awer eng normal Evolutioun duerchmaachen an och Facteure wéi eng Opstockung vun den Ekippe bei der WM 2026 an Amerika, géifen d'Rout Léiwen ëmmer méi no un hiert Zil bréngen.

"Déi nächst WM, déi steet virun der Dier. Elo hänkt et dervun erof, op wien dass mer falen. Et ass machbar, mer si ganz no drun. An ech hoffen, dass et fir d'nächst Kéier klappt."

"Wann et aneschters gaange wär, da wär ech villäicht Cyclist ginn"

Dem Guy Hellers seng Passioun gëllt net nëmmen dem Futtball. Den zweemolege Lëtzebuerger Sportler vum Joer ass zanter klengem un och e begeeschterte Vëlosfuerer. Aus finanzielle Grënn - well Coursevëloe schonn deemools relativ deier waren - ass et dunn awer eng Karriär am Futtball ginn, mä "wann et aneschters gaange wär, da wär ech villäicht Cyclist ginn", sou de Guy Hellers. Den Tour de France, wéi och de Giro d'Italia, verfollegt hie reegelméisseg aktiv mat, woubäi hien de Sloween Tadej Pogacar an den Dän Jonas Vingegaard als Favoritten op d'Tour-de-France-Victoire gesäit. Trotzdeem dréckt hien dem Remco Evenepoel d'Daumen, dat awer wéinst engem perséinleche Lien mam 24 Joer jonke Belsch:

"Ech hunn e klenge Faibel fir de Remco Evenepoel, well ech säi Papp e bësse kennen. Duerch déi Zäit, wou de Jong Fussballspiller bei Anderlecht war, hunn ech säi Papp zoufälleg kennegeléiert an dofir sinn ech e bësse Fan vun him. Ech mengen, et ass nach e bësse fréi fir hien, haaptsächlech an den héije Bierger. Do kritt e warscheinlech Krämpes." 

Souwuel am Profifuttball wéi och am Cyclissem observéiert de fréiere Spiller vum Standard vu Léck Entwécklungen, deenen hien éischter kritesch géigeniwwer steet. Am Futtball wier dat de VAR, deen - och bei der aktueller EM -  den Arbitteren d'Autoritéit ewechhuele géif, am Cyclissem d'Oreillette.

"Déi Oreillette am Ouer, da kréie se genau gesot: 'hei Kolleeg, dréck elo e bësse méi an d'Pedall, da kënns de erun, da maache mer de Sprint nach.' Do fannen ech et schued, dass se domadder fueren. Ech mengen den Instinkt, deen ass flott bei enger Vëloscourse (...) Mir hunn d'Weltmeeschterschaft, do däerfe se net déi Oreilletten unhunn. An ech mengen do gesäit een dann och eng aner Course. Et ass flott, dass elo esou Vëlosfuerer dobäi sinn, wéi Pogacar, Evenepoel, déi wierklech wëlle wannen."

Vun 1983 bis 2000 huet de Guy Hellers an der Belsch fir de Standard vu Léck insgesamt 481 Matcher absolvéiert an 30 Goler geschoss. Fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp stoung hien tëschent 1982 an 1997 55 Mol um Terrain. Vun 2006 bis 2010 war en dunn Nationaltrainer, ier en am Joer 2015 als Interimstrainer temporär den F91 Diddeleng iwwerholl hat.

*Den Interview mam Guy Hellers gouf am Virfeld vun der EM-Finall gemaach.

RTL-Archivmaterial
De Guy Hellers am Portrait (19. Dezember 2004)