D'Olympesch Flam ass zu Paräis ukomm

© AFP
Op Nationalfeierdag ass d'Olympesch Flam an der franséischer Haaptstad ukomm.
12 Deeg virun der Ouverture vun den Olympesche Spiller zu Paräis ass d'Olympesch Flam an der franséischer Haaptstad ukomm. De Chef vun der franséischer Elite-Reitschoul Cadre Noir, Thibaut Vallette huet d'Flam um Enn vun der Militärparad am Kader vum 14 juillet, dem franséischen Nationalfeierdag, entgéint geholl.
D'Olympesch Flam war den 8. Mee zu Marseille ukomm a war zanterhier duerch dat ganzt Land gedroe ginn. Op hirem Wee op Paräis hat de Fakellaf och e kuerzen Ofstiecher am Grand-Duché gemaach. De 27. Juni hat d'Anne Kremer zu Schengen op der Bréck d'Flam iwwerholl, fir se bis op d'Place des Étoiles virum Europäesche Musée ze droen. Hei gouf d'Flam vum Grand-Duc Henri, senger Fra Maria Teresa an dem Prënz Louis empfaangen.
No der Arrivée zu Paräis wäert d'Flam bis e Méindeg den Owend vun iwwer 500 Leit duerch déi verschidden Deeler vu Paräis gedroe ginn.

© AFP
De 26. Juli ass zu Paräis d'Ouverture vun den Olympesche Spiller. Lëtzebuerg ass mat 13 Sportler vertrueden.
D'Militärparad um 14 juillet stoung nieft der Olympiad och nach am Zeeche vun 80 Joer Debarquement an der Normandie. Déi franséisch Ministere ware wéi gewinnt beim traditionellen Defilé derbäi. Deen war wéinst den Olympesche Spiller, déi an zwou Wochen ufänken, net an de Champs Elysées, mä an der Avenue Foch.