Een Dag Krich kascht 172 Milliounen Dollar

© Genya SAVILOV / AFP
D'Käschte fir de Krich klammen ëmmer weider. En ukraineschen Ausschoss huet d'Zuele vun 2024 bis 2026 presentéiert.
D'Roksolana Pidlassa, Virsëtzend vum parlamentareschen Haushaltsausschoss an der Ukrain, huet d'Käschte vum Krich presentéiert. An dësem Joer kascht een Dag Krich an der Moyenne 172 Milliounen Dollar. 2024 waren et ronn 140 Milliounen Dollar pro Dag. Agerechent sinn d'Paie vun den Zaldoten, Waffen a Beträg fir blesséiert oder doudeg Zaldoten.
D'Depensë fir d'Defense géife méi wéi 31 Prozent vum ukrainesche PIB ausmaachen. Fir dat lafend Joer sinn op d'mannst 63 Milliarden Dollar am Staatsbudget virgesinn, dobäi komme Waffeliwwerunge vun de westlechen Alliéierten.
Mee d'Käschte solle fir dat nächst Joer nach emol klammen. D'Ukrain brauch fir d'Verdeedegung vu sengem Terrain op d'mannst 120 Milliarden Euro, sollt de Krich mat Russland an dat véiert Joer goen. Dat sot de Verdeedegungsminister Denys Schmyhal op enger Konferenz zu Kiew. Domat géingen d'Käschte pro Dag nach emol massiv an d'Luucht goen.
E Samschdeg wieren 880 russesch Zaldote blesséiert oder ëmbruecht ginn. Dem ukrainesche Verdeedegungsministère no, deen all Dag nei Zuele publizéiert, wieren zanter dem Ufank vum Krich 1.094.610 russesch Zaldoten betraff gewiescht. Ronn 11.200 Panzeren, méi wéi 23.000 gepanzert Gefierer a ronn 59.000 Drone wiere Moskau verluer gaangen.
Déi Zuele loosse sech net onofhängeg iwwerpréiwen. Moskau hält sech mat Informatiounen iwwer eege Verloschter zréck.