E Samschdeg den Owend war et zum weidere Virfall mat russeschen Drone komm.

Rumänien huet d'Verletzung vu sengem Loftraum duerch eng russesch Dron schaarf verurteelt a virun de Konsequenzen op d'Stabilitéit an der ganzer Schwaarzmier-Regioun gewarnt. "Sou Incidente weisen de Manktem u Respekt vun der Russescher Federatioun vis-à-vis vum Vëlkerrecht", huet de Verdeedegungsministère zu Bukarest e Sonndeg erkläert.

No hiren Informatioune war e Samschdegowend wärend engem russeschen Ugrëff op d'Nopeschland Ukrain eng Dron an de rumänesche Loftraum agedrongen, wouropshi rumänesch Kampffligere gestart waren.

Als EU- an NATO-Memberstaat huet Rumänien "dat onverantwortlecht Virgoe vun der Russescher Federatioun op d'Schäerfst" verurteelt. Dëst géif "eng nei Erausfuerderung fir déi regional Sécherheet a Stabilitéit an der Schwaarzmier-Region" duerstellen, sou de Ministère. Zwee F-16-Kampffliiger wiere bei deem Virfall gestart an hätten d'Dron suivéiert, bis dës an der Géigend vum Duerf Chilia Veche vum Radar verschwonne wier.

Och d'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas huet Moskau eng "récksiichtslos Eskalatioun" reprochéiert. "D'Verletzung vum rumänesche Loftraum duerch russesch Drone stellt eng weider inacceptabel Violatioun vun der Souveränitéit vun engem EU-Memberstaat duer", huet si e Sonndeg op X geschriwwen.

Zur selwechter Zäit koum et och a Polen erëm zu russeschen Dronenattacken un der Grenz zur Ukrain. Als Reaktioun si polnesch Helikopteren a Kampffligere vun der Arméi a sengen NATO-Alliéierten opgestigen. Schonn an der Nuecht op e Mëttwoch waren op d'mannst 19 russesch Dronen an de polnesche Loftraum agedrongen, wouvun der e puer ofgeschoss goufen.

Polen an hir Alliéiert hunn de Virfall als geziilten Ugrëff géint d'ganzt westlech Verdeedegungsallianz verurteelt. Däitschland a Frankräich hunn ugekënnegt, hiren Undeel un der Loftverdeedegung vu Polen laanscht d'Ostgrenz zur Ukrain a Belarus ze verstäerken. D'NATO huet zousätzlech Mesuren ugekënnegt, fir d'Ostflank vun der Allianz ze sécheren.