De leschte Samschdeg stoung de Gala-Match vun der Missioun Grottekick um Programm. Zu Réiden gouf Futtball fir de gudden Zweck gespillt.

D’Missioun Grottekick ass fir all Spaass ze hunn. Wéi quasi all Joer hu si och dës Saison rëm ee Gala-Match fir de gudden Zweck organiséiert. An do stoung net nëmmen dat Sportlecht am Mëttelpunkt.

D’Missioun Grottekick konnt e Samschdeg och op de Futtball-Commentateur Jeff Kettenmeyer zielen. Ënnert de ronn 140 Spectateure war och de Paul Philipp. Den FLF-Präsident konnt gesinn, datt säi Commentateuren-Kolleeg a seng Ekipp sech an der Ufanksphas géint déi Réidener Härenekipp schwéier gedinn huet . Sou koum et och datt ee scho relativ fréi hanne louch.

Mat 0:3 goung et an d’Paus. Och wa Kettenmeyer a Co. et zwar offensiv probéiert hunn. De Ball wollt zu deem Ament einfach net eran. Den Trainer Luca Tommasi hat an der Paus wuel déi richteg Wierder fonnt an hat och dat richtegt isotonescht Gedrénks parat. Seng Ekipp konnt de Score an der zweeter Hallschent dréinen an d’Decisioun huet Schluss endlech am Eelefmeterschéisse misse falen.

Do hunn déi Réidener dunn awer kille Kapp behalen. Ee gelongen Dag fir de gudden Zweck. Eng gutt a wichteg Initiative vun der Missioun Grottekick, déi hir Plaz am Lëtzebuerger Fussball sécherlech verdéngt huet.