Tirage CEV Challenge Cup
Dräi Lëtzebuerger Ekippe sinn dobäi

Am Volleyball goufen zu Lëtzebuerg en Dënschdeg an der Mëttesstonn ënnert anerem d'1/32-Finallen am CEV Challenge Cup bei den Häre geloust.
Tëscht dem 8. an dem 17. Oktober trieden dräi Lëtzebuerger Veräiner un. Den Doublégewënner VC Stroossen trëfft wéi d'lescht Joer op d'Slowake vu Rieker Komarno. 2023 konnt de VC Stroossen de Retourmatch géint Komarno mat 3:2 gewannen. De VC Lorentzweiler krut d'Kroate vu Katela zougeloust, iwwerdeems de Volley Bartreng et mat der israeelescher Ekipp Tel Aviv ze di wäert kréien.
Am meeschte gelies