Charline Mathias verbessert nationale Rekord iwwer 800m

© RTL-Archiv
An der Liichtathletik huet d'Charline Mathias en Dënschdeg den Owend hiren eegenen nationale Rekord iwwer 800 Meter verbessert.
D'Lëtzebuergerin ass bei engem Meeting zu Luzern an der Schwäiz e Chrono vun 2 Minutten an 13 Honnertstel gelaf an ass domadder 22 Honnertstel ënnert hirem nationale Rekord vu viru 6 Joer bliwwen.
Um Enn war et déi zweet Plaz hannert dem Abbey Caldwell aus Australien (1:59,35).
D'Charline Mathias huet dës Saison nees zu aler Stäerkt zeréckfonnt. Si huet d'Qualifikatioun fir Paräis nëmme ganz knapp verpasst.
Nom internationale Meeting zu Schëffleng e Sonndeg ass Schluss
E Mëttwoch huet d'Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun iwwerdeems da matgedeelt, dass d'Charline Mathias hir sportlech Karriär beendege wäert. Wéi et an engem Schreiwes vun der Federatioun heescht, wäert d'Athletin, beim internationale Liichtathletikmeeting e Sondeg zu Schëffleng hir leschte Course laafen.