Ni Xia Lian a Bob Bertemes droen de Lëtzebuerger Fändel

© RTL-Grafik
En Donneschdeg de Moien hat de Chef de mission Raymond Conzemius op eng Pressekonferenz invitéiert.
Dobäi huet hie matgedeelt, dass d'Ni Xia Lian an de Bob Bertemes de Lëtzebuerger Fändel op der Ouvertureszeremonie e Freideg den Owend wäerten droen. Dës zwee Sportler goufen opgrond vun hirer exzellenter sportlecher Karriär ausgewielt. D'Ni Xia Lian ass schonn déi 6. Kéier bei den Olympesche Spiller an de Bob Bertemes déi 2. Kéier. De Bommstousser, deen 10. an der éiweger Europaranglëscht ass, hält jo no Paräis mat senger professioneller Karriär op.
Wat d'Olympescht Duerf ugeet, ass de COSL gréisstendeels zefridden. Beim Iessen hätt et e Manktem u Quantitéit a Qualitéit ginn, ma do hätt et scho Verbesserunge ginn. Och a Saachen Transport fir d‘Athleten ass net alles ideal, sot de Raymond Conzemius. Deels wier et zu Enkpäss komm an och d'Chauffere géingen deels net wëssen, wou se mussen hifueren. Do wier een awer an enkem Kontakt mam IOC an den Organisateuren.
De COSL selwer hätt sech zu Paräis gutt opgestallt, fir d'Athleten ze empfänken. Och am medezinesche Beräich wier ee gutt opgestallt. Nawell missten d'Sportler oppassen, datt se net krank ginn, dofir huet de Chef de mission betount, datt een d'Covid-Mesuren och zu Paräis applizéiere kéint. Den Ament wier jidderee gesond an et hofft een, dass dat esou bleift.

© Screenshot COSL