"Kee schlecht Resultat, fir op der Olympiad hei ze stoen", sou de Pit Klein
Nach virun der offizieller Ouverture vun den Olympesche Spiller zu Paräis war en Donneschdeg schonn de Pit Klein am Asaz.
An der sougenannter Placéierungsronn kënnt de Pit Klein ënner 64 Bouschéisser op déi 50. Plaz.
650 Réng hat hien no 72 Feiler um Kont stoen. No den éischte 6 vun am ganzen 12 Serien, louch hien nach op der 49. Plaz mat 323 Réng. An der 3. Serie huet hien dobäi just 51 Réng realiséiert. Dat war seng schlechtste Serie.
D'Resultat wier dat, wat ee sech erwaart hätt, wann ee sech de Verlaf vun der Saison géing ukucken, sou de Pit Klein no der Placéierungsronn. Nawell hätten et e puer Punkte kéinte méi sinn, ma e puer Feeler an net ganz einfach Wiederkonditiounen hätten dat Ganzt net esou einfach gemaach.
D‘Südkoreaner hunn dësen éischten Tour dominéiert. De Woojin Kim (686 Réng) setzt sech géint den Je Deok Kim (682 Réng) duerch. Drëtte gouf de Florian Unruh aus Däitschland mat 681 Réng.
En Dënschdeg geet et mat der éischter KO-Ronn weider. Hei kritt de Pit Klein et mam 15. aus der Placéierungsronn, dem Kolumbianer Santiago Arcila ze dinn. Hei wëllt de Lëtzebuerg virun allem Spaass hunn. "E mega coole Kärel, dat heescht, ech menge mir hunn einfach e bësse Spaass do an da kucke mir wie gewënnt", sou nach de Pit Klein.
Biller vum Bouschéisse ginn et och den Owend am Journal op der Tëlee.