"Ech wënsche mir esou een Aha-Moment", esou de Raymond Conzemius
De Raymond Conzemius, Chef de mission fir d'Olympesch Spiller, schwätzt am RTL-Interview iwwer éischt Andréck an d'Ambitioune vum Team Lëtzebuerg.
Iwwer d’Ambitioune vun de Lëtzebuerger Athletinnen an Athlete gouf schonn an de leschte Woche vill geschwat. Fir de Responsabele vun der Lëtzebuerger Delegatioun vun den Olympesche Spiller zu Paräis ass eent kloer: Wann d'Sportler zefridde si mat hire Leeschtungen, da kéint een zefridde sinn.
"An da wënschen ech mer och vläicht, dass mer jo deen een oder aneren Ausräisser hunn, sou en Aha-Moment, dat wier scho cool."
Entscheedung wie Fändel dréit net einfach
Et hätt ee laang iwwerluecht, wien de Lëtzebuerger Fändel bei der Erëffnungszeremonie kéint droen. An awer wier ee sech relativ séier eens gewiescht, dass een iwwer dee Wee kéint eng Karriär vun Athlete beliichten, déi exzeptionell Saache geleescht hunn, esou de Raymond Conzemius um Mikro vum Jeff Kettenmeyer. Dofir wier d'Decisioun op d'Ni Xia Lian an de Bob Bertemes gefall.
Zefridde mam olympeschen Duerf
Et wier ee ganz zefridde mam olympeschen Duerf: "Virun allem well och e groussen Effort an der Ernärung gemaach ginn ass, de Restauranten, wéi do d'Flue sinn, dat huet sech do elo schonn däitlech verbessert, mee dat war schonn e Stressfacteur. De Logement ass enk berechent, dat heescht, et sinn do Regulariséierungen, wéi vill Better mer kréien, mee mir hunn eis awer ofgeséchert mat Better ausserhalb, soudass mer eigentlech och do zefridde sinn, da bleiwen nach d'Hicken am Transport."
Bis op e puer kleng Verspéidunge wieren d'Sportlerinnen an d'Sportler awer ëmmer mat Zäit do gewiescht.
Ni Xia Lian dréit éischte Kéier an hirer Karriär de Lëtzebuerger Fändel
Eng Erëffnungszeremonie vun Olympesche Spiller ass ëmmer eppes ganz Besonnesches. D'Ni Xia Lian an de Bob Bertemes hu sech gefreet, dass si de Lëtzebuerger Fändel bei der Ouverture dierfen droen.
Um Mikro vum Fabienne Zwally sot d'Dëschtennisspillerin, déi elo fir déi 6. Kéier bei Olympia dobäi ass, dass et eng grouss Éier wier, de Fändel ze droen. Et wier déi éischte Kéier an hirer Karriär an e ganz emotionale Moment. D'Ni Xia Lian: "Et ass mir eng grouss Éier, an ech wäert méi Bescht ginn."
Am Interview erkläert d'Dëschtennisspillerin och, dass een ugangs mam Iessen net ganz zefridde gewiescht wier, ma dat elo besser wier.
Och de Bob Bertemes ass frou, kënnen d'Lëtzebuerger Delegatioun zesumme mam Ni Xia Lian bei der Erëffnungsfeier op der Seine ze vertrieden.
Iwwer Telefon krut hien d'Nouvelle, dass hien dat kéint maachen. "Dat war scho relativ emotional, dat ass e Lifetime-Erliefnis. D'Erëffnung op der Seine ass eppes ganz Spezielles, et ass absolut eng risegrouss Éier."
Am Interview erzielt de Bob Bertemes och vu sengen éischten Andréck vu Paräis a wéi elo déi nächst Deeg bis zur Kompetitioun wäerten oflafen.