Et ass nach net sécher, ob d'Triathleeten an der Seine schwammen
D'Seine sollt fir d'olympesch Spiller esou propper sinn, dass ee kann dra schwammen. E Milliarde-Projet, deen eventuell net de gewënschte Succès huet.
Eng propper Seine, e Verspriechen, dat zanter den 80er Joer net nëmmen déi aktuell Buergermeeschtesch Anne Hidalgo gemaach huet. Modern Kläranlagen, Schleisen an en 90 Milliounen deiert Opfangbecke sollte sécherstellen, dass zanter 100 Joer endlech erëm Leit kënnen an der Seine schwammen. 1,4 Milliarden am Ganzen huet Stad Paräis ausginn, mam But, d'Schwammen am olympeschen Triathlon duerch de bekanntste Floss vu Frankräich ze féieren.
De Christian Krombach, President vun der FLTRI, confirméiert, datt déi lescht 3 Méint all Owend getest gouf an d’Resultater e bëssen decaléiert sinn. Duerch de Reen de Weekend wieren d’Wäerter an d’Luucht gaangen an Trainingen ofgesot ginn. Mee hien ass sech mat sengen Trainer eens, dass se bis muer ënner d'Norm misste falen.
De Protokoll gesäit vir, dass owes virun der Competitioun Prouwe geholl ginn. Wann d'Wäerter ze héich sinn, géif d'Männercourse en Dënschdeg ëm zwee Deeg verluecht ginn. Dat selwecht gëllt fir d'Dammecourse e Mëttwoch. Wann no 2 Deeg d'Analysen net ënnert dem gewënschte Seuil sinn, gëtt aus dem Triathlon en Duathlon. Dat heescht, eng Course mat nëmme Vëlo a Lafen. Keen Nodeel fir d’Jeanne Lehair, déi jo och hiren EM-Titel d'lescht Joer zu Madrid sou gewonnen huet, seet de Christian Krombach. Mental wier dat fir d'Lëtzebuerger Medailenhoffnung kee Problem.
Fir de Christian Krombach stinn d'Chancen net esou schlecht, dass d'Dammecourse wéi geplangt e Mëttwoch iwwer d'Bün geet. An déi kéint dann net nëmme fir Paräis, mee och fir Lëtzebuerg historesch ginn.