Trotz engem fréie Féierungsgol an der 4. Minutt konnt den F91 de Réckstand aus dem Allersmatch net méi guttmaachen.

E Mëttwoch den Owend ass d'Qualifikatiounskampagne vum F91 Diddeleng fir d'Conference League no enger weiderer Néierlag an der zweeter Ronn op en Enn gaangen. Géint de BK Häcken gouf et auswäerts a Schweden eng 1:6-Defaite am Retourmatch. Dobäi huet et kuerz nom Ustouss sou ausgesinn, wéi wann déi Diddelenger Ekipp déi 2:6-Defaite aus dem Allersmatch awer nach kontere kéint.

An der 4. Spillminutt war et nämlech de Filip Bojić, deen den F91 a Féierung bruecht huet. Déi schwedesch Lokalekipp huet doropshin allerdéngs direkt probéiert eng Äntwert ze weisen, wat och gutt zéng Minutten drop duerch e Gol vum Jeremy Agbonifo gelongen ass. No engem zweete Gol vum Häckener Stiermer ass et fir Diddeleng da Fauschtdéck komm. De Vincent Decker krut an der 39. Minutt seng zweet Giel Kaart gewisen an huet den F91 domat an Ënnerzuel bruecht. Am weidere Spillverlaf hunn d'Haushären de Match mat engem Spiller méi um Terrain dominéiert an de Spillstand ëmmer weider ausgebaut. Fréi war d'Decisioun ëm d'Weiderkomme gefall a sou geet déi europäesch Rees vum F91 Diddeleng mat enger 1:6-Néierlag op en Enn.