D'Gewënner op den Olympesche Spiller zu Paräis kréien um Podium net nëmmen eng Medail iwwerreecht, mä och nach eng Kopie vum offizielle Plakat.

Wien d'Olympesch Spiller zu Paräis bis elo opmierksam verfollegt huet, deem dierft opgefall sinn, dass d'Athleten um Podium nieft hire Medailen och nach eng kleng Këscht iwwerreecht kréien. Obwuel Lëtzebuerg bis elo nach leider keng Podiumsplaz huet, hu mer trotzdeem elo erausfonnt, wat genau an dëser mysteriéiser Këscht aus Kartrong dran ass.

Sou kréien all Goldmedailegewënner zu Paräis och eng Kopie vum offizielle Plakat vun den Olympesche Spiller. Dëst Bild vum Franséischen Illustrator Ugo Gattoni weist déi verschidde Standuerter, wou déi eenzel Competitiounen ofgehale ginn, souwéi déi wichtegst Symboler vun der Franséischer Haaptstad.

RTL

De Franséischen Illustrator Ugo Gattoni virum Plakat, un deem hien iwwer 2000 Stonne soll geschafft hunn. / © AFP

Bei der offizieller Presentatioun vum Plakat am Musée d'Orsay am Mäerz hat den Tony Estanguet, fréiere Weltmeeschter am Kanu a President vun den Olympesche Spiller zu Paräis, erkläert, d'Wierk géing "de ganze Räichtum an d'Vilfalt" vum Projet afänken.

Zentral am Bild ass wéi erwaart den Eiffeltuerm ze gesinn. Dernieft fënnt ee weider nach de Grand Palais, sou wéi och d'Seine. Mat bësse kreativer Fräiheet huet dunn och nach Marseille an d'Bild gepasst, d'Stad, wou d'Olympesch Seegel-Competitiounen an och e puer Futtballmatcher ofgehale ginn. Berichter no huet de Gattoni ganzer 2000 Stonnen um Plakat geschafft.

RTL

Ofgesi vu Medail a Plakat, kréien d'Olympiagewënner dann och nach d'Maskottche vun de Spiller iwwerreecht. Dat ass dëst Joer déi sougenannte phrygesch Mutz, e Kleedungsstéck, dat fir Revolutioun a Fräiheet steet. Allerdéngs kréien d'Athleten eng speziell Ausféierung, déi den normale Publik net am Buttek ze kafe kritt. An zwar ass op dem Maskottche vun de Gewënner och déi respektiv Medail z'erkennen.