Wéi d'Powerlifting a Weightlifting Federatioun vu Lëtzebuerg matdeelt, huet d'Gewiichtshiewerin Ankie Timmers 122,5 Kilo op der Bänk gedréckt.

D'Sportlerin Ankie Timmers, déi fir Lëtzebuerg an Istanbul ugetrueden ass, konnt sech an der Klass ënner 84 Kilo beweisen. Am éischte Versuch huet si souverän 120 Kilo op der Bänk gedréckt, am zweete Versuch waren et 122,5 Kilogramm. Am drëtte Versuch huet d'Ankie Timmers sech un déi 125 Kilo gewot, huet déi awer net gepackt.

D'Goldmedail huet déi hollännesch Sportlerin Ielja Strik mat 132,5 Kilo mat Heem geholl. Sëlwer geet dann un d'Ankie Timmers mat 122,5 Kilo a d'Bronzemedail un déi franséisch Sportlerin Stephanie Faivre, déi 120 Kilo gedréckt huet.

RTL