Olympesch Spiller sinn deier, ma wéi gesäit et mat de Recetten aus?
D'Organisatioun vun den Olympesche Spiller huet Frankräich Milliarde kascht. D'Land soll am Géigenzuch och dovunner profitéieren.
Fir d'Olympesch an d'Paralympesch Spiller brauch et grouss Infrastrukturen. Et gi méi wéi aachthonnert Sportsevenementer. Et muss ee bal 15.000 Athleete vun A op B bréngen. 45.000 Fräiwëlleger ekipéieren a forméieren. Prett si fir d'Visiteuren aus der ganzer Welt. Dat kascht, aktuell läit ee bei 9 Milliarden Euro. Déi genee Ausgabe wäert een eréischt um Enn vun de Spiller chiffréiere kënnen.
A wéi ass et bei de Recetten? Den Office du Tourisme vun der Regioun Paräis rechent mat iwwer 15 Millioune Visiteuren. An der Hotellerie ass ee bis elo awer enttäuscht.
Dësen Hotel am Quartier Bastille huet 37 Zëmmer, an ass net ausgebucht. Fir d'Period vun de Spiller ass ee just zu 75 Prozent ausgelaascht, obwuel ee mat de Präisser erofgaangen ass. D'Zuele sinn och méi schlecht wéi d'lescht Joer.
Dobäi kënnt, datt och d'Fransousen net ewéi erwaart gebucht hunn.
An och an engem Paräisser Bistro zerwéiere se aktuell manner Gäscht wéi viru genee engem Joer, well vill Paräisser wärend de Spiller guer net doheem sinn. Et gouf och keen zousätzlecht Personal agestallt. Dobäi kënnt, datt de Chef vum Bistro sech muss anescht organiséieren, fir seng Wuere geliwwert ze kréien. Wéinst Restriktiounen am Verkéier kann een net wéi gewinnt am Dag beliwwert ginn.
Och d'Präisser fir den ëffentlechen Transport sinn eropgaangen. Tickete fir Bus a Metro si fir den Zäitraum vun de Spiller vun 2,15 Euro op 4 Euro.
Trotz allem geet den Organisatiounskommitee dovun aus, datt mëttelfristeg iwwer 180.000 Aarbechtsplaze geschafe ginn. Do muss een dann ofwaarde wat d'Zukunft bréngt. Och wat déi Finalkäschte betrëfft. D'Spiller zu Tokio ware méi deier wéi geplangt. Do waren et um Enn 12 Milliarden Euro Käschten. Paräis rechent aktuell, wéi gesot, mat 9 Milliarden.