En Donneschdeg den Owend gouf et am Duell tëscht Ajax Amsterdam a Panathinaikos Athen eréischt no engem historeschen Eelefmeterschéissen eng Decisioun.

Et goung drëms, sech fir d'Play-Offs vun der Europa League ze qualifizéieren.

Den Allersmatch hat Ajax Amsterdam mat 1:0 gewonnen. De Retourmatch ass mat dem selwechte Score op en Enn gaangen, dat allerdéngs zu Gonschte vu Panathinaikos Athen. De Gol, deen d'Griichen an d'Verlängerung gerett huet, ass dann och eréischt an der 89. Minutt gefall. 
An der Verlängerung si keng Goler méi gefall, an et ass an d'Eelefmeterschéisse gaangen.

Hei ass dunn den Ajax-Golkeeper Remko Pasveer zum Held avancéiert. Hien huet 5 Eelefmeter gehalen a selwer och een erageschoss. Ma bis dass eng Decisioun gefall war, sinn net manner wéi 34 Eelefmeter geschoss ginn. Um Enn stoung et 13-12 zu Gonschte vun Ajax. Nach ni virdru goufe sou vill Eelefmeter an enger UEFA-Competitioun geschoss.

An der nächster Ronn kritt Ajax et mat Jagiellonia Bialystok ze dinn. Den Allersmatch ass schonn en Donneschdeg a Polen.