Ausserdeem sti Gladbach, Leipzig a Schalke am nächsten Tour vum DFB-Pokal. An der Premier League starte Liverpool an Arsenal mat Victoiren.

An Däitschland gouf e Samschdeg den Owend de Supercup tëscht dem Champion Leverkusen an dem Zweete Stuttgart gespillt. Déi nei Saison huet fir Bayer 04 Leverkusen genee sou ugefaangen, wéi déi lescht opgehalen huet. An engem Match mat vill Tempo louch d'Ekipp vum Alonso an Ënnerzuel hannen an et hat laang net gutt ausgesinn, ma et konnt ee sech op en Neits op seng Comeback-Qualitéite verloossen. Leverkusen huet sech um Enn am Eelefmeterschéissen den éischten Titel vun der Saison geséchert.

Schonn no 11 Minutte war Leverkusen duerch de Boniface a Féierung gaangen. Nëmme véier Minutten drop hat de Millot fir Stuttgart ausgeglach. An der 37. Minutt gouf dunn den Terrier mat Rout vum Terrain gesat. An Ënnerzuel ass Leverkusen an der 63. Minutt a Réckstand geroden. Den Undav hat fir d'Gäscht op 2:1 gesat. An der 88. Minutt konnt Leverkusen duerch e Gol vum Schick ausgläichen an esou ass et an d'Eelefmeterschéisse gaangen. Hei hat Leverkusen dat bessert Enn fir sech a wënnt mat 4:3.

DFB-Pokal

Erzgebirge Aue - Borussia Mönchengladbach 1:3
1:0 Clausen (8'), 1:1 Honorat (35'), 1:2 Netz (52'), 1:3 Plea (70')

Gladbach huet sech no engem freien 0:1-Réckstand beim Drëttligist Erzgebirge Aue laang gebraucht bis een an de Match fonnt huet. Virun allem an der Ufanksphase waren d'Fohlen vill ze passiv. No enger gudder hallwer Stonn sollt de Favorit awer e Gang eropschrauwen. Nom Ausgläich vum Honorat an der 35. Minutt ass de Bundesligist senger Favoritteroll an der 2.Hallschent gerecht ginn a gewënnt no 2 weidere Goler duerchh de Netz an de Plea mat 3:1 zu Aue a steet domat an der 2. Ronn vum DFB-Pokal.

Rot-Weiss Essen - RB Leipzig 1:3
1:0 Safi (2'), 1:1 Sesko (12'), 1:2 Openda (40'), 1:3 Nusa (84')

Nämmlecht wéi Gladbach louch och Leipzig schnell mat 0:1 a Réckstand. De Safi huet fir den Underdog no mol net 2 Minutten d'Féierung markéiert. D'Euphorie sollt zu Essen awer net laang unhalen, dat well Leipzig mam 1. Schoss op de Gol direkt den Ausgläich gegkleckt ass. Nach virun der Paus ass de Pokalgewënner vun 2022 an 2023 a Féierung gaangen. Kuerz viru Schluss hunn den Nusa an de Xavi fir d'Entscheedung gesuergt.

Nieft Gladbach a Leipzig kenne sech och nach Dortmund, Bielefeld, Schalke, Kiel, Kaiserslautern, Union Berlin, Freiburg an Heidenheim fir déi 2te Ronn qualifizéieren. Zemools Kiel hat ferm ze kämpfe géint den Drëttligist Alemannia Aachen. 10 Minutte viru Schluss louch Kiel nach mat 1:2 a Réckstand. An der Schlussphase konnt den Opsteiger an d'Bundesliga de Match dunn awer nach dréinen.

E Freideg den Owend huet sech schonn ënnert anerem Bayern géint Ulm duerchgesat.

Premier League

Ipswich Town - FC Liverpool 0:2
0:1 Diogo Jota (60'), 0:2 Salah (65')

Liverpool huet den 1. Match no der Äre Jürgen Klopp gewonnen a ka sech beim Opsteiger Ipswich Town mat 2:0 duerchsetzen. Ënnert dem neie Reds Trainer Arne Slot huet sech Liverpool awer virun allem an der 1. Hallschent schwéier gedoen a konnt sech kaum nennenswäert Chancen erausspillen. Nom Säitewiessel sollt sech de Spectateuren awer een anert Bild weisen. De Favorit huet banne 5 Minutten duerch Goler vum Jota a Salah fir d'Virentscheedung gesuergt a ka deementspriechend vun engem gelongenem Optakt schwätzen. Um 2. Spilldag kritt et Ipswich mat Manchester City ze dinn iwwerdeems Liverpool géint Brentford untrëtt.

FC Arsenal - Wolverhampton Wanderers 2:0
1:0 Havertz (25'), 2:0 Saka (74')

De Vize-Meeschter aus der leschter Saison ass vum Resultat hier gutt an déi nei Saison gestart a klappt Wolverhampton no Goler vum Havertz a Saka mat 2:0. Spilleresch hunn d'Gunners nach Loft no uewen. D'Gäscht hätten tëschenzäitlech den Ausgläich kéinte markéieren, bei de Schëss vum Ait Nouris an dem Cunha huet awer d'Präzisioun am Ofschloss gefeelt. Arsenal klappt deemno Wolverhampton mat 2:0.

FC Everton - Brighton & Hove Albion 0:3
0:1 Mitoma (25'), 0:2 Welbeck (56'), 0:3 Adingra (86')

Serie A

CFC Genua - Inter Mailand 2:2
1:0 (Vogliacco (20'), 1:1 Thuram (30'), 1:2 Thuram (85'), 2:2 Messias (90+6')

Ligue 1

Stade Brest - Olympique Marseille 1:5

0:1 Greenwood (3'), 0:2 Luis Henrique (26'), 0:3 Greenwood (32'), 1:3 Camara (45+6'), 1:4 Luis Henrique (48'), 1:5 Wahi (69')

Marseille huet sech mat engem däitlechem 5:1 géint Brest op déi 1. Plaz an der Tabell geschoss. Souwuel de Greenwood wéi och de Luis Henrique hunn duebel getraff.