D'Summerpaus am Futtball ass definitiv eriwwer. Verschidde Championnater fänken nees uechter Europa un an an Däitschland war et den Optakt vum DFB-Pokal.

DFB-Pokal

Déi éischt Matcher vun der éischter Ronn vun der däitscher Coupe goufen e Freideg gespillt.

Den FC St. Pauli, wou den Danel Sinani just op der Ersatzbänk souz, huet mussen an d'Verlängerung, fir sech mat 3:2 géint den Hallescher FC duerchzesetzen.

RTL

Och den FSV Mainz 05 huet sech schwéier gedoe géint SV Wehen Wiesbaden. No 90 Minutte stoung et 1:1. An der Verlängerung konnt Mainz nach 2 mol markéieren a sech mat 3:1 behaapten.

D'Würzburger Kickers haten TSG Hoffenheim op Besuch. Hei stoung et 1:1 no 90 Minutten. An der Nospillzäit hu béid Veräiner nach emol getraff, wouduerch et dunn an d'Eelefmeterschéisse gaangen ass. De Meisel hat bei Würzburg verschoss, iwwerdeem d'Hoffenheimer all getraff hunn. Domadder steet d'TSG an der zweeter Ronn.

Den FC Bayern München krut et da mam SSV Ulm 1846 ze dinn. An den éischte 15 Minutten huet den Thomas Müller direkt 2 mol fir d'Bayern getraff. An der 79. Minutt huet de Kingsley Coman op 3:0 erhéicht, woumat de Match definitiv decidéiert war. An der 93. Minutt konnt sech den agewiesselten Harry Kane nach an d'Lëscht vun de Scorer aschreiwen. Hien trëfft via Kappball a suergt fir d'Schlussresultat vu 4:0.

Ligue 1

A Frankräich war um Freideg den Owend den Optakt an déi nei Saison, mam Duell tëscht dem AC Le Havre a Paris St. Germain. De PSG ass duerch de Lee Kang-In an der drëtter Minutt scho mat 1:0 a Féierung gaangen.

RTL

© Matthieu Mirville / DPPI via AFP

An der 2. Hallschent konnt Le Havre duerch de Lloris ausgläichen, dëst an der 48. Minutt. Nëmme 6 Minutte méi spéit war et souguer den 2:1 fir Le Havre, ma dee Gol gouf wéinst engem Hands nees oferkannt. An de leschte Minutte vum Match huet de PSG awer nach emol opgedréint. An der 85. Minutt trëfft den Dembélé fir den 2:1. Nëmmen 1 Minutt méi spéit erhéischt den Barcola op 3:1. An der 89. Minutt kënnt et nach méi hefteg a de Kolo Muani kann duerch en Eelefmeter op 4:1 erhéijen.

Premier League

Och an England ass d'Summerpaus eriwwer. Manchester United hat den FC Fulham op Besuch. D'Ekipp ronderëm den Erik ten Haag huet sech schwéier gedoe géint Fulham. Laang huet et no engem 0:0 ausgesinn, ma an der 87. Minutt huet den Zirkzee seng Ekipp erléist, dat no Viraarbecht vum Garnacho. Mat engem knappen 1:0 ass de Start an déi nei Saison deemno fir Manchester United gelongen.

La Liga

Den Optakt vum 1. Spilldag a Spuenien war schonn en Donneschdeg den Owend, wou et zwee Gläichspiller gouf. Um Freideg den Owend koum et zum Duell tëscht Celta Vigo an Deportiva Alaves, wou Celta Vigo mat 2:1 d'Iwwerhand behält.

Am anere Match hat UD Las Palmas den FC Sevilla zu Gaascht. Sevilla war duerch e Selbstgol vum Suarez an der 25. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 42. Minutt koum et dunn zu engem weidere Selbstgol, déi Kéier awer op der anerer Säit, suo dass et mat engem 1:1 an d'Paus gaangen ass. De Sanchez konnt an der 61. Minutt Sevilla nees a Féierung bréngen, ma nëmmen 10 Minutten drop huet de Ramirez nees den Ausgläich geschoss. Mat dësem 2:2 ass de Match dann och ofgepaff ginn.