Stal Rzeszow konnt sech a Polen mat 4:0 géint Warta Poznan duerchsetzen. De Sébastien Thill huet den 2:0 an den 3:0 fir seng Faarwen markéiert.

A Polen huet Stal Rzeszow fir de Konto vum 5. Spilldag doheem mat 4:0 géint Warta Poznan gewonnen a steet no 5 Spilldeeg provisoresch op der 2. Plaz an der Tabell. Nodeems de Prokic d'Lokalekipp an der 18. Minutt a Féierung geschoss huet, war et de Sébastien Thill deen de Score an der 28. Minutt per Eelefmeter op 2:0 erhéicht huet. An der 52. Minutt huet de Lëtzebuerger Nationalspiller mat sengem zweete Gol den 3:0 markéiert an domat fir d'Virentscheedung gesuergt. Kuerz dorop krut de Sébastien Thill nach eng Giel Kaart éier hien an der 76. Minutt ausgewiesselt gouf. Um Enn gewënnt Rzeszow mat 4:0.

Mat 4 Victoiren an 1 Remis ass d'Ekipp vum Sébastien Thill domat weider ongeschloen.

Am däitschen DBF-Pokal huet e Sonndeg de Mathias Olesen den decisive Gol fir Köln markéiert. De Lëtzebuerger huet an der Nospillzäit den 3:2 fir säi Veräin geschoss. Domadder huet den FC zu Sandhausen gewonnen a steet an der zweeter Ronn.