"Am Alldag gesäit een ëmmer nach eng gewësse Barrière am Kapp"
D’Spiller hëllefe bei der Visibilitéit, trotzdeem gesäit een am Alldag, datt d’Leit nach eng gewësse Barrière am Kapp hunn, seet den Tom Habscheid.
Hie mengt domadder den Ëmgang am Alldag tëscht Mënsche mat an ouni Handicap. Vill Leit wéissten net richteg, wéi se sech solle vis-à-vis vu Leit mat enger Behënnerung verhalen.
"D’Spiller hëllefe bei der Visibilitéit, trotzdeem gesäit een, am Alldag hunn d’Leit nach eng gewësse Barrière am Kapp. Do ginn et halt verschidde Beispiller. Déi eng sinn dann halt super frëndlech awer iwwergrëffeg. An déi aner sinn da komplett zeréckgezunn a wëlle guer näischt mat engem ze dinn hunn."
D’Barrière am Sport ofbauen, wëllen d’Organisateure vun de Spiller zu Paräis 2024. D’Ambitioun ass, béid Sportsevenementer, Olympesch wéi Paralympesch Spiller, op de selwechten Niveau ze hiewen. Ugefaange mat klengen Detailer wéi dem selwechte Logo, wou just ënnendrënner déi olympesch Réng bei de Paralympesche Spiller duerch de Logo vum Internationale Paralympesche Comité ersat gëtt. Hin zum selwechte Maskottchen emol mat an ouni Prothees, mee och méi Spectateuren a Couverture an de Medie sinn d’Zil.
Ob et weltwäit déi selwecht medial Opmierksamkeet wäert gi wéi bei den Olympesche Spiller an ob genee esou eng Stëmmung op den Tribüne vun de Spectateure wäert entstoen, weist sech an den nächsten Deeg.
D’Katrin Kohl wäert déi éischte Kéier bei de Paralympesche Spiller dobäi sinn, si start am 100 Meter Rennrollstull-Sprint, a freet sech op d’Ambiance:
"Ech menge schonn, dass dat eng eemoleg oder eng extra Atmosphär ass, déi ee soss nach net bei enger Competitioun hat. An och dass ee mol méi Zuschauer huet. Ech hat mol vereenzelt der, bei der WM war et net schlecht d’lescht Joer. De Grand Prix zu Paräis dëst Joer war, hunn ech fonnt, wierklech gutt. Well si do mat Schoulklasse komm sinn an déi hunn eppes zesumme gebläert, dat kann ech soen. (…) Jo et muss een elo kucken, wéi vill Leit da lo wierklech kommen. Ech hoffen, dass der e puer wäerte kommen an dass een dann déi ganz Atmosphär ka mathuelen an dass een dat weider pusht."
Ëm déi 4.400 Athlete wäerten an 23 verschiddenen Disziplinne starten. Si wäerten am selwechten Duerf iwwernuechte wéi d’Athlete bei den Olympesche Spiller. Vue dass esou vill Athlete mat kierperlechen Aschränkungen openeen treffen, kéint déi accessibel Infrastruktur an den Transport vun de Para-Athleten déi gréissten Erausfuerderung fir d’Organisateure ginn.
D’Katrin Kohl huet schonn hir Erfarungen op Competitioune gemaach, wou vill Athleten am Rollstull openeentreffen:
"Ech si gespaant, also ech war schonn op Competitiounen, op enger WM oder op aneren, wou scho vill Sportler sinn a jo du hues halt Hoteller, wou s de just 2-3 Lifter hues, da stees de mol gär Schlaang bei engem Lift. Dann hunn ech och emol eng Kéier d’Trap geholl an een huet mäi Rollstull erop oder erof gedroen, well et bei mir funktionéiert, mee bei anere Leit geet dat net."
Den Tom Habscheid ass optimistesch, dass déi sportlech Leeschtungen, déi d’Athleten op de Paralympesche Spiller realiséiere wäerten, an de Medie visibel sinn an och dass d’Stëmmung wäert gutt ginn.
"Sou wéi ech et mat den Olympesche Spiller materliewen, ass den Hype awer richteg gutt do an ech denken och an ech hoffen och, dass et fir d’Paralympesch Spiller genee esou gëtt. Dat géing mech wierklech freeën."
D'Place de la Concorde an d'Champs-Elysées stinn e Mëttwoch den Owend vun 20 Auer u mat de paralympesche Sportlerinnen a Sportler am Mëttelpunkt vun der Ouvertureszeremonie.