De Swift Hesper an de Maurice Deville gi getrennte Weeër

© RTL-Archivbild
Dat huet eis den 61-fachen Nationalspiller an engem Interview confirméiert.
Et ass roueg gi ronderëm de Maurice Deville. De Stiermer war déi éischt dräi Spilldeeg net am Kader vum Swift Hesper. Eis Recherchen hunn erginn, datt de fréiere Spiller vun ënner anerem Kaiserslautern a Sandhausen aktuell kee Veräi méi hätt.
An engem Gespréich um Telefon huet eis de Maurice Deville dëst och confirméiert. De Swift Hesper hätt säin Aarbechtskontrakt mam Veräin op den 1. August ouni Begrënnung gekënnegt. Och op Nofro hin hätt hie keng Äntwert kritt.
"Et ass ouni Virwarnung komm", sou de Stiermer weider. Hie géing sech zwar elo op d'Sich no engem neie Veräi maachen, kéint allerdéngs den Ament net zu Lëtzebuerg wiesselen. Dat geet fréistens erëm an der Transfertperiod am Wanter.
Och wann een am Ausland ouni Kontrakt als fräie Spiller gëllt, esou ass dat zu Lëtzebuerg net de Fall. Dem Maurice Deville seng Lizenz bleift weiderhin zu Hesper. Ee Wiessel an d'Ausland ass allerdéngs méiglech. Dat krute mir och vu Säite vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun (FLF) confirméiert.
Momentan hält sech de Maurice Deville bei engem däitschen Oberligist (5. däitsch Liga) an der Géigend vu sengem däitsche Wunnuert fit.
Déi Affär mam Swift Hesper hätt hie mental matgeholl, esou nach den 61-fachen Nationalspiller am Interview. Ëm déi ganz Affär këmmere sech elo seng Affekoten. Vu Säite vum Swift Hesper wollt een eis keng Stellungnam zu dëser Nouvelle ginn.
De Maurice Deville ass 2022 zeréck op den Holleschbierg gewiesselt, wou hien och viru senge Statiounen am Ausland an der Jugend aktiv war. An deenen zwou Saisonen huet de Stiermer 38 Matcher fir de Swift gespillt a gouf 2023 Champion.