De fréiere Futtballtrainer ass no laangem Kampf géint de Kriibs e Samschdeg zu Köln gestuerwen.

Dat friddlech am Krees vu senger Famill, wéi dës matgedeelt huet. Zanter Hierscht huet de fréiere Futtballtrainer géint de Kriibs gekämpft. Ufanks hat hie sech zeréckgezunn, ass dunn awer zeréck an d'Ëffentlechkeet komm, well hien de Leit Mutt maache wollt am Kampf géint de Kriibs.

"Du kanns falen. Et ass och net entscheedend, wéi dacks du fäls. Du muss just ëmmer nees opstoen.", esou ee bekannten Zitat vum Christoph Daum, dee wärend senger Trainer-Karriär ëmmer nees an de Schlagzeile war, datt wéinst sportlechem Erfolleg awer och wéinst deem een oder aner Skandal.

Ënnert anerem gouf hie mat Stuttgart an der Saison 1991/1992 däitsche Champion. Donieft huet hien och nach Titelen an der Tierkei an an Éisträich gesammelt.

Den Daum war als jonken Trainer 1989 an 1990 mam 1. FC Köln Vizechampion ginn. Dat nämmlecht huet hien och 2000 mat Bayer Leverkusen realiséiert. Dat Joer war och seng Kokain-Affär un d‘Ëffentlechkeet komm. Doduerch ass den Daum och ni Bundestrainer ginn. Onvergiesslech waren och d‘Dueller, déi sech de Christoph Daum an de Manager vum FC Bayern München, Uli Hoeness, dacks geliwwert hunn.