Real dominéiert Valladolid a Bayern mécht et spannend géint Wolfsburg

© AFP
An England huet Chelsea Wolverhampton keng Chance gelooss a Liverpool huet fir d'zweete Kéier dës Saison gewonnen.
Dem FC Bayern ass de Start an déi nei Bundesliga-Saison gegléckt, allerdéngs huet den däitsche Rekordchampion beim 3:2 zu Wolfsburg laang missen zidderen. D'Bayern waren no 20 Minutte verdéngt duerch de Musiala a Féierung gaangen. Duerno konnt allerdéngs de VfL de Match dréinen an duerch zwee Goler vum Majer (47' per Eelefmeter an 55') mat 2:1 a Féierung goen. Duerch e Selbstgol vum Kaminski waren et déi Wolfsburger selwer, déi den FCB nees erubruecht hunn. Fir d'Victoire huet dunn de Gnabry an der 82. Minutt gesuergt.
An der zweeter Partie um Sonndeg huet St. Pauli mat 0:2 géint Heidenheim verluer. Bei den Hamburger souz de Lëtzebuerger Danel Sinani de ganze Match op der Bänk.
An der englescher Premier League huet um 2. Spilldag Chelsea de Wolverhampton Wanderers keng Chance gelooss a sech auswäerts mat 6:2 behaapt. No der Optaktvictoire zu Ipswich ass dem neie Liverpool-Trainer Arne Slots och den éischte Match virun der eegener Kuliss gegléckt. Den Diaz huet déi éischt Geleeënheet fir d'Reds verwandelt, ier de Salah an der zweeter Hallschent géint den FC Brentford alles kloer gemaach huet.

© AFP
An der spuenescher La Liga huet Real Madrid um 2. Spilldag déi éischt Victoire gefeiert. Géint Valladolid haten Mbappé a Co. keng Probleemer an hu sech kloer mat 3:0 behaapt. D'Goler sinn allerdéngs eréischt an der zweeter Hallschent gefall. De Valverde hat de Score an der 50. Minutt opgemaach. Duerno hunn nach den Diaz an den Endrick nogeluecht. Fir den Mbappé war et deen éischten Heemmatch bei sengem neie Veräin, bis ewell ass hien nach ouni Gol.

© AFP
An der franséischer Ligue 1 huet Lens Brest mat 2:0 geklappt a Stroossbuerg war Rennes mat 3:1 iwwerleeën.