Gréng Luucht fir de Futtball-Lännermatch Lëtzebuerg géint Belarus

Fotoe vum Terrain vum 29. August 2024 / © Domingos Oliveira
RTL-Informatiounen no soll den éischten Heemmatch an der Nations League wéi geplangt e Sonndeg um 15 Auer am Stade de Luxembourg kënnen ugepaff ginn.
Déi lescht Woch koum d’Nouvelle, datt den Terrain an engem katastrophalen Zoustand wier. De Wuess war déi lescht Méint erneiert ginn, ma doropshi goufen Irregulariéite festgestallt.

© Domingos Oliveira
Den FLF-President Paul Philipp huet eis virum Depart an Nordirland confirméiert, datt och de leschte Stand vun der Federatioun wier, datt kéint gespillt ginn.
Paul Philipp: "Jo, leschten Informatiounen no déi mer gëschter nach kritt hunn, wär absolut keng Diskussioun, dass de Match net kéint gespillt, also de Match gëtt gespillt. Ënner wat fir enge Bedingungen... optimal ass et héchstwarscheinlech net. Ech hunn elo dës Woch den Terrain nach net gesinn, mee ech ka mer net virstellen, dass an enger Woch do Wonner geschéien. Sécher ass e besser wéi d'lescht Woch, wat jo och net extreem schwéier ass. Ech menge wat och wichteg ass, dat ass, dass déi verantwortlech Leit elo mat deene Professionellen, déi eeben den Optrag hate fir deen Terrain frësch ze maachen, déi richteg Analyse maachen an och eventuell déi richteg Schlëss do draus zéie fir d' Zukunft."
De Match en Donneschdeg den Owend an Nordirland, an och dee vun e Sonndeg géint Belarus gëtt wéi gewinnt hei op RTL iwwerdroen.