Lëtzebuerg verschléift Ufanksphas a verléiert 0:2 géint Nordirland
En Donneschdeg war et och fir d'Rout Léiwen den Optakt an der Liga C vun der neier Nations-League-Campagne, dat direkt zu Belfast an Nordirland.
Lëtzebuerg huet déi éischt 20 Minutten an Nordirland quasi verschlof an haten dem Drock vun der Heemekipp wéineg entgéintzesetzen. No 16 Minutte schonn war d'Heemekipp zu Belfast mat 2:0 am Avantage. Un deem Score sollt sech awer an de restleche 74 Minutten näischt méi änneren. An der zweeter Partie vun dëser Grupp hu sech Belarus a Bulgarien d'Punkte gedeelt, nodeem dëse Match 0:0 ausgaangen ass.
D'Reaktiounen no der Partie
De Luc Holtz, Laurent Jans, Eric Veiga a Lars Gerson hu sech de Froen nom Match gestallt.
De Resumé vum Match Nordirland-Lëtzebuerg
Nordirland - Lëtzebuerg 2:0
1:0 McNair (11'), 2:0 Ballard (16')
D'Nordiren hu vun Ufank un Drock op d'Lëtzebuerger gemaach, fir esou fréi wéi méiglech e Gol ze schéissen. Grad bei Standardsituatioune war d'Heemekipp geféierlech. Esou war et och net verwonnerlech, datt d'Nordiren no 11 Minutte vun esou enger Situatioun profitéiere konnten, fir duerch den McNair a Féierung ze goen.
Keng 5 Minutte méi spéit dunn den nächste Standard an den nächste Gol. E Fräistouss kuerz erabruecht huet de Ballard ausgenotzt, fir séier op 2:0 ze setzen. D'Lëtzebuerger Defense hat an dësem Ament net reagéiert an d'Nordire goufe fir hiren Drock an hir Aarbecht an den éischte Minutte belount.
Dono hu sech d'Nordiren e bëssen zeréckgezunn, ouni awer d'Kontroll vum Match aus der Hand ze ginn. Si hunn op Feeler vun de Roude Léiwe gewaart, fir op dës kënnen ze reagéieren. Dëst huet awer och dozou gefouert, datt d'Lëtzebuerger méi no un de Strofraum koumen an och emol mat Flanke probéiert hunn, zu hire Chancen ze kommen. E Gol sollt dobäi virun der Paus awer net eraussprangen.
An der zweeter Hallschent hat Nordirland nees séier zwou Chancen, bei deenen den Ofschloss awer net präzis genuch war. Dono hat Lëtzebuerg nees e bësse méi vun der Partie, ouni awer zwéngend bis virun de Gol vun der Heemekipp ze kommen. Och d'Nordiren hate no der Ufanksphas wéineg Chancen. Wann, da war et iwwert eng Standardsituatioun.
Den Olesen hat an der 77. Minutt probéiert, vun engem Malentendu tëscht dem iresche Golkipp an engem vu senge Verdeedeger ze profitéieren, ma hien huet aus der Distanz de Ball laascht de Gol gesat. Ma gréissten Deels waren et awer d'Nordiren, déi méi Gefor ausgestraalt hunn. Goler sinn dobäi awer keng méi gefall, och wéinst zwou gudde Parade vum Moris direkt hannerteneen an der 92. Minutt.
Weider Resultater
Liga C
Belarus - Bulgarien 0:0
Estland - Slowakei 0:1
0:1 Suslov (70')
Aserbaidschan - Schweden 1:3
0:1 Isak (65'), 0:2 Isak (71'), 0:3 Gyökeres (80',p), 1:3 Dadashov (82')
Liga A
Dänemark - Schwäiz 2:0
1:0 Dorgu (82'), 2:0 Hojbjerg (90'+2)
Serbien - Spuenien 0:0
Portugal - Kroatien 2:1
1:0 Dalot (7'), 2:0 Ronaldo (34'), 2:1 Dalot (41', sg)
Schottland - Polen 2:3
0:1 Szymanski (8'), 0:2 Lewandowski (44',p), 1:2 Gilmour (46'), 2:2 McTominay (77'), 2:3 Zalewski (90'+7)
Liga D
San Marino - Liechtenstein 1:0
1:0 Sensoli (53')
Fir San Marino war et déi éischte Victoire an ronn 20 Joer.