De laangjärege President vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité ass als Offiziellen zu Paräis.

De Marc Schreiner huet dräi Mol als Bouschéisser un de Paralympesche Spiller deelgeholl an ass dohier gutt placéiert, fir Vergläicher opzestellen.

"Also alles wat ech matkritt hu bis elo, an dat vergläiche mat deem virdrun, ass d'Envergure e gudde Strapp méi héich wéi dat bei deene Spiller virdru war, wat d'Zuschauer ugeet, wat dat ganzt Ëmfeld ugeet. Also wann s de eng Kéier an esou enger Hal bass, wou iergendee Match ass, an d'Fransouse sinn derbäi, dann hues de besser du hëls Stëpp mat, well duerno héiers de soss näischt méi. Dat ass onwarscheinlech. Am Stade de France gëschter [Mëttwoch] waren, dat war jo d'Moies-Sessioun, dat ware 40.000 Leit. Moies. Owes sinn et der 60-70.000", sou de Marc Schreiner.

D’Popularitéit vun de Paralympics ass grouss, trotzdeem weigeren d'Athleete sech, als Helde betruecht ze ginn.

"Ech mengen et war den Teddy Riner, de Judoka, deen huet vu Super-héros geschwat, an do hat awer ee vun der franséischer Basketballekipp, deen am Rollstull sëtz, gesot, mir si keng Super-héros, mir si Sportler, fäerdeg, Punkt, Schluss. "

Op d'Resultat vum Katrin Kohl iwwer 100 Meter am Rennrollstull geheit de Marc Schreiner e liicht kritesche Bléck.

"Ech hätt mer e bësse méi erwaart, ouni awer elo onrealistesch Virstellungen do gehat ze hunn. Ech mengen ech weess, wéi den Niveau ass, och a sengem Sport, an ech weess och, wat et maache kann. An duerfir hu mer keng onrealistesch Erwaardunge gehat. Mir hätten zwar geduecht, et misst e bësse besser goen. Dat ass eeben net de Fall gewiescht. Mä domadder muss ee liewen."

Fir den Transport verdéngen eis franséischen Noperen eng 9 vun 10. Enner anerem ass eng Bunn um Périphérique fir d'Taxien an d'paralympesch Busser reservéiert. De Risiko, am Stau hänken ze bleiwen, ass kleng. Sollt een dës Bunn net respektéieren, da muss een 135 Euro blechen.

Am Allgemengen ass den Transport gutt organiséiert. Fir sech zu Paräis mam Metro ze deplacéieren, ass sou gutt wéi onméiglech fir Rollstullfuerer.
Nëmmen d'Linn 14 ass op alle Statioune fräi zougänglech. Do besteet Nohuelbedarf.