Den Däitsche Jonas Deichmann huet säin Zil erreecht. De 37 Joer alen Extremsportler huet bannent 120 Deeg 120 Triathlonen absolvéiert.

Vum 9. Mee bis de 5. September 2024 huet de Jonas Deichmann säi Rekord-Projet Dag fir Dag duerchgezunn. Déi lescht 120 Deeg huet den Däitschen all Dag een Triathlon iwwer d'Laangdistanz (3,8 km Schwammen, 180 km Vëlofueren an 42,195 km) hanneru sech bruecht. Um Enn ass hien no 456 Kilometer Schwammen, 21.600 Kilometer Vëlofueren a 5.064 Kilometer Lafen am Zil ukomm.

A Begleedung vun e puer honnert Leeferinnen a Leefer ass de 37 Joer alen Extremsportler en Donneschdeg den Owend zu Roth frenetesch vun de Fans gefeiert ginn.

"Ech hunn ëmmer gewosst, datt ech de Projet schaffe wäert, ech hunn ëmmer dru gegleeft. [...] Ech hu bis elo all Projet gepackt, ma déi 120 ass dann dach nach en Tick besser", sou de Jonas Deichmann am Zil.

Zanter dem Start vum Projet huet den Deichmann ëm déi 100 Stonne Sport pro Woch gemaach - ouni een Dag Paus. All Dag war genau getimed, 6,5 Stonnen huet hien nuets geschlof, an der Mëtt vun der Vëlosstreck gouf et e kuerze Powernap.

Den ale Rekord louch bei 106 Triathlon-Laangdistanzen um Stéck. De Britt Sean Conway hat deen 2023 opgestallt.