Däitschland klappt Ungarn, England setzt sech an Irland duerch

© JOHN MACDOUGALL/AFP
5:0 huet d'Ekipp vum Julian Nagelsmann an der Liga A géint Ungarn d'Iwwerhand behalen. Och Holland konnt eng kloer Victoire feieren.
Donieft huet sech an der Liga B vun der Nations League Georgien kloer mat 4:1 géint Tschechien behaapt. Och no der Europameeschterschaft schéngt d'Märche vun de Georgier weiderzegoen. De Lee Carsley huet den éischte Match als engleschen Nationaltrainer mat 2:0 an Irland gewonnen.
Liga A
Däitschland - Ungarn 5:0
1:0 Füllkrug (27'), 2:0 Musiala (58'), 3:0 Wirtz (66'), 4:0 Pavlovic (77'), 5:0 Havertz (81', Eelefmeter)
No enger hektescher Ufanksphas ass Däitschland an der 1. Hallschent ëmmer besser an d'Partie komm. De Füllkrug huet eis Nopere verdéngt 1:0 vir bruecht. Ungarn huet dogéint gehalen, och wann d'Ekipp vum Nagelsmann méi Spillundeeler hat. An der 2. Hallschent ass séier den 2:0 duerch de Musiala gefall. Ungarn ass dono ausernee gefall a Wirtz, Pavlovic an Havertz hunn dräi weider Goler markéiert. Däitschland konnt mat enger souveräner Victoire an déi nei Nations-League-Campagne starten.
Holland - Bosnien-Herzegowina 5:2
1:0 Zirkzee (13'), 1:1 Demirovic (27'), 2:1 Reijnders (45+2'), 3:1 Gakpo (56'), 3:2 Dzeko (73'), 4:2 Weghorst (88'), 5:2 Simons (90+2')
D'Heemekipp war vun Ufank un dominant an huet den éischte Gol vun der Partie geschoss. Kuerz virun der hallwer Stonn konnt den Demirovic awer aus dem Näischt ausgläichen. Holland huet weider gedréckt an op den 2. Gol gespillt. Kuerz virun der Paus huet de Reijnders seng Faarwen nees vir bruecht. Nom Säitewiessel ass et mat der hollännescher Dominanz weidergaange, vun de Gäscht war bal näischt ze gesinn. De Gakpo huet d'Resultat op 3:1 geschrauft. Op der anerer Säit huet Bosnien a Persoun vum Dzeko awer nees verkierzt, obwuel een am Spill no vir quasi net stattfonnt huet. Mat zwee Goler an de leschte Minutten huet Holland den Deckel awer op d'Partie drop gemaach.
Liga B
Irland - England 0:2
0:1 Rice (11'), 0:2 Grealish (26')
Béid Ekippe si mat Schwong aus de Kabinne komm. D'Iren haten déi zwou éischt Chancë vun der Partie. D'Gäscht goungen awer mat der éischter Aktioun duerch de Rice a Féierung. Kuerz drop ass de Kane aus kuerzer Distanz um iresche Golkipp hänke bliwwen. England ass dominant bliwwen an de Grealish huet no enger flotter Kombinatioun den 2:0 markéiert. Nom Téi hunn d'Englänner geréiert an Irland konnt sech déi eng oder aner Méiglechkeet erausspillen. An der Schlussphas huet Irland hannen opgemaach, mee England konnt d'Raim net notzen, fir e weidere Gol ze schéissen. Et blouf also bei der 2:0-Victoire fir England.
Georgien - Tschechien 4:1
1:0 Kvaratskhelia (33', Eelefmeter), 2:0 Chakvetadze (53'), 3:0 Mikautadze (63'), 4:0 Kochorashvili (66'), 4:1 Kalvach (80')
Griicheland - Finnland 3:0
1:0 Ioannidis (23'), 2:0 Kallman (37', Selbstgol), 3:0 Ioannidis (76')
Ukrain - Albanien 1:2
1:0 Konoplya (49'), 1:1 Ismajli (54'), 1:2 Asani (66')
Liga C
Färöer Inselen - Nordmazedonien 1:1
1:0 Davidsen (9', Eelefmeter), 1:1 Bardhi (49', Eelefmeter)
Armenien - Lettland 4:1
1:0 Bichakhchyan (6'), 1:1 Harutyunyan (9', Selbstgol). 2:1 Dubra (35', Selbstgol), 3:1
Zelarayan (48'), 4:1 Spertsyan (86')
Liga D
Moldawien - Malta 2:0
1:0 Caimacov (32'), 2:0 Nicolaescu (45+4', Eelefmeter)
D'Resultater vun der Nations League
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.
Ekippen