Käerjeng an Esch deelen d’Punkten, Diddeleng klappt Déifferdeng

© Gilles Tricca
Schonn um 1. Spilldag stounge bei den Hären dräi Spëtzematcher um Programm. Bei den Damme sinn Déifferdeng an Diddeleng mat souveräne Victoirë gestart.
Axa League Hären
No enger enttäuschender Saison gouf et bei Käerjeng e groussen Ëmbroch. Nieft dem laangjärege Spiller Vladimir Temelkov, deen neie Co-Trainer ass, hu sechs weider Spiller de Veräin aus der Brauereistad verlooss. Nieft de jonken Neizougäng Enzo Ricciardi a Romuald Murera, déi vum HB Rëmeleng koumen, sinn nach villverspriechend Talenter aus den eegene Reien an d’Seniorsekipp eropgezu ginn. Zu Esch, dem amtéierende Coupe-Gewënner, huet de Rajko Milosevic den Adrian Stot beierft.
Direkt am éischte Match deele Käerjeng an Esch d’Punkten. Déi éischt Hallschent war immens ausgeglach an d’Féierung ass hin an hier gesprongen. No knapp 20 Minutte konnt Käerjeng eng éischt Kéier op 3 Goler ewech zéien an d’Säite goufe mat engem Gol Avantage fir déi Gréng gewiesselt.
Käerjeng hat och de bessere Start an déi zweet Hallschent a louch bis zur 50. Minutt 5 Goler vir. Esch huet awer net opginn a konnt bannent 5 Minutten ausgläichen. Well sech keng Ekipp an der Crunchtime duerchsetze konnt, ass de Match 27:27 ausgaangen.
Ouni den Tommy Wirtz an de Mikel Molitor, déi hir Handballschong un den Nol gehaangen hunn, huet Diddeleng um Enn mat 34:26 e bëssen héich, awer verdéngt géint d’Red Boys Déifferdeng. Déi éischt Hallschent war vu villen technesche Feeler op béide Säite gepräägt, mee och béid Golkipper konnte sech auszeechnen. Diddeleng hat de bessere Start, mee Déifferdeng war no e puer Minutten nees drun. Ënner dem Impuls vun de Gebridder Samuel an David Etute konnt sech den HBD awer bis zur Paus op 19:14 ofsetzen.
An den éischte Minutte vum zweeten Duerchgang huet et ausgesinn, wéi wann Diddeleng de Match fir sech géif entscheeden, mee den Déifferdenger Golkipp Mudrinjak konnt seng Ekipp mat enger Rei Paraden am Match halen. Insgesamt hunn d’Red Boys awer enttäuscht, och well si bis zur 50. Minutt nach d’Méiglechkeet haten, de Match ze dréinen. An de leschte Minutten ass awer näischt méi gelaf an Diddeleng konnt déi éischt zwee Punkte feieren.
Fir Déifferdeng gëtt et nom radikalen Ëmbroch wuel eng schwéier Saison. Net manner wéi 5 Spiller aus der éischter Siwen hunn de Veräin am Summer verlooss, dorënner den Daniel Scheid, deen op Bierchem gewiesselt ass. Jugendspiller sollen d’Ekipp ronderëm d’Stammspiller Roman Becvar, Brice Aillaud an Elledy Semedo verstäerken.
Den amtéierende Champion Bierchem ass mat enger souveräner 38:21-Victoire géint de Standard an déi nei Saison gestart. Bierchem huet sech an den éischte Minutte géint den HC Standard, dee sech d’Plaz an der Axa League eréischt am leschte Match géint den direkte Konkurrent Schëffleng séchere konnt, schwéier gedoen. Eréischt an de leschte Minute virun der Paus konnt den amtéierende Champion e kloren Ecart maachen. Am zweeten Duerchgang hat den Opsteiger näischt méi entgéint ze setzen an d’Réiserbänner hunn de Match um Enn kloer gewonnen.
Direkt um 1. Spilldag stounge sech mat Rëmeleng an Dikrech zwou Ekippe géigeniwwer, déi ëm déi begiert 6. Plaz spillen. Mam neien Trainer Yves Braconnier huet Rëmeleng déi éischt wichteg Punkte gefeiert. No 30 Minutte louch de Chev nach 12:11 vir an hat de Match och bis zur 45. Minutt am Grëff, éier Rëmeleng fir d’éischt ausgläichen an uschléissend de Match mat 26:23 gewanne konnt.
Bei Rëmeleng stounge sechs Spiller net am Kader, well se nach an der Vakanz waren.
Wat sech bei den Hären-Ekippe wärend dem Summer nach alles gedoen huet, kënnt Dir am Reportage vum Serge Olmo a Sam Rickal noliesen.
Axa League Dammen
Den amtéierenden Doublé-Gewënner Diddeleng huet beim Retour vum Joy Wirtz no der Bëbeepaus eng ongefäerdet 41:13-Victoire géint den HC Standard gefeiert. Mat engem 8:1 no 12 Minutte war de Grondstee geluecht a beim 22:4 an der Paus war de Match scho gelaf. An den zweeten 30 Minutten ass de Standard zu duebel esou vill Goler komm wéi am éischten Duerchgang, och well Diddeleng den Tempo e bëssen erausgeholl huet.
Käerjeng huet sech wärend dem Summer mat enger eemoleger Vize-Weltmeeschterin verstäerkt. D’Franséisin Claudine Mendy soll mat hire 34 Joer déi jonk Käerjenger Ekipp uféieren an hir Erfarung weiderginn. Géint den HB Museldall huet sech de Rekordchampion awer wärend dem ganze Match schwéier gedoen. An der Paus louch d’Ekipp vum neien Trainer Benjamin Guillaume op der Musel 7:9 zeréck, huet awer an der 35. Minutt d’Féierung iwwerholl an dës net méi ofginn, fir um Enn mat 22:19 d’Iwwerhand ze behalen.
Zu Dikrech sinn den Tabellendrëtten an Tabellevéierten openee getraff, mam besseren Ausgang fir d’Déifferdenger Dammen. D’Red Boys hu vun Ufank u gewisen, dass si déi éischt zwee Punkten an der neier Saison asäckele wollten a louchen zur Paus 14:10 vir. Am zweeten Duerchgang konnt d‘Ekipp vum neien Dammen-Nationaltrainer Michel Scheuren den Ecart ëmmer weider eropschrauwen, soudass um Enn en 28:16 fir déi Rout um Tablo stoung.
Am véierte Match ass Réiden 23:46 beim HB Esch ënner d’Rieder komm. No enger enker Véierelstonn (8:6 fir Esch) ass dem Opsteiger d’Loft ausgaangen an Esch konnt sech bis zur Paus op 19:12 ofsetzen. Um Enn stoung eng kloer Victoire fir d’Dammen aus der Minettemetropol.