Um Samschdeg hu sech déi Stater mat 2:0 géint NSA Sofia aus Bulgarien duerchgesat.

Nodeems de Racing um Mëttwoch mat 1:4 géint Galatasaray verluer hat an aus der Champions-League-Qualifikatioun eliminéiert gouf, huet een um Samschdeg d'Partie ëm déi 3. Plaz fir sech entscheet.

An der 1. Hallschent si keng Goler gefall. D'Bulgarinnen hätte kéinten a Féierung goen, d'Rasina huet awer en Eelefmeter net rakritt. Nom Téi war de Racing méi staark an huet an der 56. Minutt den éischte Gol vun der Partie markéiert. D'Sophie Quatrana hat de Ball am Filet ënnerbruecht. Déi selwecht Spillerin huet 11 Minutte méi spéit fir den 2:0 an domadder fir d'Virentscheedung gesuergt. Um Enn soll sech um Resultat näischt méi änneren.

D'Finall fir en Tour weiderzekommen tëscht Galatasaray a Shymkent gëtt um Samschdeg Owend um 19 Auer ugepaff.