Gerson Rodrigues géint Belarus net mat um Terrain

D'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp spillt e Sonndeg um 15 Auer an der Nations League géint Belarus, dat allerdéngs ouni den Gerson Rodrigues.
De Stiermer huet op Instagram erkläert, datt hie leider net géint Belarus kéint matspillen, ouni awer ee richtege Grond ze nennen.
E seet weider hie wäert dobäi si beim Match, fir d'Ekipp z'ënnerstëtzen. Hie géif hoffen, méi staark zeréckkommen an dann der Ekipp kënnen ze hëllefen.
RTL-Informatiounen no koum de Stiermer den Dag nom Match zu Belfast op en Neits ze spéit op een Treffe vun der Ekipp. Doropshin gouf hie vum Nationaltrainer Luc Holtz fir de Match géint Belarus aus dem Kader gestrach.
De Match kënnt Dir Live um RTL ZWEE kucken, an am Stream op RTL.lu an RTL Play.